Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kanaresch Inselen: Police saiséiert 4,5 Tonne Kokain

Dëst war schonn den zweete grousse Coup fir dëst Joer fir déi spuenesch Police op de Kanaren.

Op de kanareschen Inselen huet déi spuenesch Police 4,5 Tonne Kokain saiséiert. Dës waren u Bord vun engem Cargoschëff fonnt ginn, dat aus Latäinamerika komm ass a Ranner an de Mëttleren Osten sollt transportéieren. D'Schëff war zwee Joer laang iwwerwaacht ginn, ier et elo duerchsicht ginn ass. D'Droge sinn an engem Silo, wou u sech sollt Déierefudder dra sinn, fonnt ginn. Um Enn goufen 28 Membere vum Equipage festgeholl.

Mëtt Januar war an der selwechter Géigend schonn en anert Schëff, awer vum selwechte Modell an dat ënnert deem selwechte Fändel gefuer ass, gestoppt ginn. Och hei ware 4,5 Tonnen Droge fonnt ginn. Esou dass eleng am Januar schonn 9 Tonne saiséiert goufen. Spuenien ass eng vun den Haaptentréeë vun Drogen aus Latäinamerika an Europa.