Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Keelste Wanter zanter Joren: Zuel un Doudesaffer duerch Keelt an Afghanistan klëmmt op 166

Afghanesche Meteorologen no ass dëse Wanter "bei Wäitem dee keelsten an de leschte Joren". Ville Mënschen huet déi extreem Keelt schonn d'Liewe kascht.

Zanter dem 10. Januar ginn et am Afghanistan Temperature vu bis zu minus 33 Grad, begleet vun heftege Schnéifäll, Äis-Stierm a Stroumausfäll.

De Katastropheschutzministère zu Kabul huet e Samschdeg en neie Bilan matgedeelt. Deemno ass d'Zuel un Doudesaffer op op d'mannst 166 geklommen ass. Donieft goufen eng 100 Haiser zerstéiert oder beschiedegt, bal 80.000 Déiere sinn un der Keelt gestuerwen.

Eleng dës Woch sollen der Weltgesondheetsorganisatioun no an engem eenzegen Duerf 17 Mënschen un "akuten Otemweeinfektiounen" ëm d'Liewe komm sinn. Wéinst de schwierege Wiederkonditiounen ass d'Gebitt allerdéngs nëmme schwéier z'erreechen.

Wéi et vun engem Vertrieder vum Katastropheschutzministère heescht, wiere weider Doudesursaachen Bränn a Fuitten a Gasheizungen, déi fir Hëtze vun den Haiser benotzt ginn.