Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Keng EU-Milliarde fir Ungarn?: Déi nächst Woche wäerte weisen, wie sech bei dësem Aarmdrécken duerchsetzt

Kritt Ungarn EU-Gelder an Héicht vun 13,3 Milliarden Euro gestrach, well d'Regierung vum Victor Orban zanter Jore géingt d'Rechtsstaatlechkeet verstéisst?

D'Europäesch Kommissioun huet des Woch fir d'éischt an hirer Geschicht de Memberstaaten esou eng Prozedur virgeschloen.

De Message un d'Regierung vum Victor Orban ass kloer: ''Et geet duer.'' D'Rechtsstaatlechkeet ass eent vun de Fundamenter vun der Europäescher Unioun. Faul Kompromësser ginn et keng, fir Staaten, déi net matspillen. Direkt 3 EU-Kommissären hunn d'Entscheedung verdeedegt. Ouni déi néideg Reforme gi 7,5 Milliarden Euro aus dem EU-Budget an nach emol 5,8 Milliarden aus dem Corona-Fong net ausbezuelt.

Den EU-Handelskommissär Valdis Dombrovskis : "D'Stäerke vun der Roll vum Nationale Justizrot an d'Onofhängegkeet vum ieweschte Geriichtshaff gehéiert zu de Reformen. Ausserdeem muss et Fortschrëtter am Kampf géint d'Korruptioun a méi Transparenz bei ëffentlechen Ausschreiwungen ginn."

"Et ass e risen Erfolleg fir d'Europaparlament. Mir waren den Impulsgeber an där doe Form vu Sanktiounsmechanismus. De Conseil huet sech drop ralliéiert. En huet den TÜV bestanen. Mir waren um Europäesche Geriichtshaff. Also et ass ''alles in Butter.'' Et ass déi eenzeg Sprooch déi den Orban versteet", sou d'Reaktioun vum DP-Europadeputéierte Charles Goerens.

D'EU-Kommissioun huet proposéiert. Elo muss de Conseil decidéieren. D'nächst Woch wäert den Dossier d'Finanzminister beschäftegen. 15 vun 27 Memberstaaten mussen zoustëmmen.

Um Niveau vun de Staats- a Regierungscheffe mussen all Decisiounen eestëmmeg geholl ginn. Grad dee Punkt kéint Ungarn am Fall vun engem positive Vott ass Drockmëttel benotzen... d'EU Handlungsonfäeg maachen.

Den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen: "Zum Beispill wa mer en nächste Sanktiounspak géingt Russland mussen adoptéieren, datt Ungarn dee kéint blockéieren. Déi Gefor besteet. Jo. Dat ass richteg. Ma ech mengen, dat ass awer och dann Verhandlungsmasse. Do musse mer da kucken, datt mer och heimat wierklech den Drock héichhalen."

An de Charles Goerens weider: "E blockéiert elo d'Hëllef fir d'Ukrain. Déi Makrofinanziell Hëllef vun 18 Milliarden. Ob en domat wäit kënnt? Dat weess ech net. Well en isoléiert sech awer trotzdeem ëmmer méi, och an där Géigend, wou säi Land sech befënnt."

Ungarn kéint souguer den Nato-Bäitrëtt vu Schweden a Finnland blockéieren. Op der anerer Säit ass Budapest haart vun der Wirtschaftskris getraff, Innepolitesch op d'EU-Gelder ugewisen... ronn 10% vum PIB.

"Dat sinn haaptsächlech Fongen, déi ausgeriicht si fir déi strukturell Schwieregkeeten an engem Land ze behiewen. An domat erëm Uschloss fanne mat der Entwécklung vun deenen aneren. En ass onbedéngt dorop ugewisen. A wann een drop ugewisen ass, an et brauch ee Suen, da soll ee sech och un d'Konditiounen halen", sou de Charles Goerens.

De Christophe Hansen ass kategoresch: "Op déi Sue verzichten, dat kann d'ungaresch Regierung sech an dësen Zäiten net erlaben. Dat kënne se doheem och net erklären".

Déi nächst Woche wäerte weisen, wie sech bei dësem Aarmdrécken duerchsetzt.