An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg ass et op der A1zu enger Verfolgungsjuegd komm.
Eng Policepatrull war géint 00.50 Auer op ee Gefier opmierksam ginn, dat ze séier ënnerwee war. D'Beamten hunn dem Chauffeur däitlech Signaler ginn, fir stoen ze bleiwen. Dës goufen awer ignoréiert an d'Beamten hunn d'Gefier aus den An verluer. Zu Mënsbech konnt eng aner Policepatrull de Fluchtwon fannen, ma wéi de Chauffeur dat bemierkt huet, huet e sech op en Neits duerch d'Bascht gemaach. Kuerz hanner Schëtter ass et dunn zu engem Accident komm, bei deem déi béid Leit am Auto awer net blesséiert goufen. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Chauffeur ze vill gedronk a kee Fürerschäin derbäi hat. De Won gouf immobiliséiert an ee provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.