Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kierchbierg: Camion brécht duerch Gelänner

RTL

© Domingos Oliveira

E Méindegnomëtteg koum et um Kierchbierger Val des Bons Malades zu engem Accident, bei deem e Chauffer mat sengem Camion duerch e Gelänner gerannt ass.

Blesséiert gouf dobäi keen.

De Camion ass géint 13.40 Auer aus der Rue du Potager komm, wéi de Chauffer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet. Wärend den Unhänger nach an der Rue du Potager bliwwen ass, ass d'Kabinn duerch d'Gelänner duerchgebrach an houng iwwert dem Val des Bons Malades.

D'Strooss gouf fir den Trafic gespaart. Firwat de Chauffer d'Kontroll iwwert de Camion verluer huet, ass bis ewell net gewosst.