Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kim Jong Un: Nordkorea soll stäerksten Atommuecht ginn

Am Joer 2022 huet Pjängjang méi Rakéite wéi jeemools virdrun an engem Joer lancéiert.

De Kim Jong Un wëll eegenen Aussoen no Nordkorea zu der stäerkster Atommuecht weltwäit opbauen. Wéi déi staatlech nordkoreanesch Noriichtenagence gemellt huet, hätt de Staatschef déi nei Interkontinentalrakéit vun Nordkorea bei enger feierlecher Zeremonie "déi stäerkst strategesch Waff" vun der Welt genannt. Eng grouss Atommuecht ze ginn, wier "dat gréisst a wichtegst revolutionäert Zil". Nordkorea hat an de leschte Woche scho verstäerkt Rakéite getest. Dëst Joer huet Pjöngjang méi Rakéiten ofgeschoss wéi je virdrun an dat trotz Dosende Resolutioune vum UNO-Sécherheetsrot, déi Nordkorea mat Sanktioune beluecht hunn.