D'Piratepartei wollt de Wieler am Osten erklären, wéi den 8. Oktober gewielt gëtt. Do war awer eng schif gelaf.
Am Oste vum Land haten eng Partie Residenten e Flyer vun der Piratepartei an der Boîte. Dorop gouf doriwwer informéiert, wéi een um Waldag seng Kräizer setze soll. Ofgesinn dovun, dass d'Leit gebiede ginn, einfach déi ganz Lëscht vun de Piraten unzekräizen, gëtt um Flyer awer och erkläert, dass een ënnerschiddlech Kandidate wiele kann.
Riets ënne vum Flyer steet dann, dass een op kee Fall méi wéi 7 Stëmme verdeele soll, well soss de Walziedel ongülteg ass. Wat fir de Walbezierk Osten och richteg ass. Op der Foto niewendrun, wou d'Beispill vun engem Walziedel gewise gëtt, sinn awer definitiv 9 Kräizer verginn. Do goufe wuel zwee Kräizer ze vill verdeelt.

Och eng Grafik vum Zentrum fir Politesch Bildung, déi zu Mäertert ronderëm gaangen ass, huet e puer Leit duerchernee gemaach. Hei gëtt kritiséiert, dass um Beispill vum Walziedel 6 Kräizer gemaach goufen, obwuel a kengem Bezierk nëmme 6 Sëtz gewielt ginn.
Kuckt ee sech d'Original dann un, steet uewen an der Beschreiwung awer ganz kloer a wéi engem Bezierk wéi vill Kräizer dierfe gemaach ginn.

Wou dierf ee wéi vill Kräizer maachen?
D'Land ass a véier Bezierker opgedeelt: Norden, Osten, Zentrum a Süden. Et wielt een an deem Bezierk, an deem e wunnt. Wéi vill Kräizer een um Waldag maximal maachen dierf, hänkt dovun of, a wéi engem Bezierk e wielt.
Am Oste gi 7 Sëtz gewielt, also dierf een hei maximal 7 Kräizer verdeelen. Am Norde sinn et 9 Sëtz also maximal 9 Kräizer. Am Zentrum ginn 21 Sëtz gewielt an am Süden 23.

Et kann een eng ganz Lëscht wielen, also enger ganzer Partei seng Stëmm ginn. Heivir kräizt een de Krees iwwert dëser Lëscht un (an dann och nëmmen deen).
Et kann een awer och eenzele Kandidaten seng Stëmme ginn. Sou kann een engem Kandidat bis zu zwou Stëmme ginn an dann eben maximal esou vill Kräizer maachen, wéi an dem Bezierk Sëtz gewielt ginn. Et dierf een och Kandidaten aus ënnerschiddleche Parteie wielen. Dat nennt ee panaschéieren. Mä och hei gëllt: Am Ganzen dierf ee just sou vill Kräizer maachen, wéi an Bezierk Sëtz gewielt ginn.
Et muss een awer net all Stëmm verginn. De Stëmmziedel ass och gülteg, wann een 6 Kräizer gemaach huet, obwuel ee 7 Stëmmen ze gutt huet. Wichteg ass, dass een net ze vill Kräizer mécht.
Méi Informatiounen zu de Wale fannt Dir an dësem Video.