Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kleng Pëll mat grousser Wierkung: Zanter 25 Joer um Marché

De 27. Mäerz 1998 huet den US-Pharmakonzern Pfizer Viagra op de Marché bruecht. Elleng am Joer 2019 huet een en Ëmsaz vu 497 Milliounen US-Dollar gemaach.

De 27. Mäerz 1998, viru genee 25 Joer, koum Viagra op de Marché. De Grond, aus deem d'Pëll entwéckelt gouf, huet iwwregens näischt domat ze doen, firwat se haut benotzt gëtt. Seele war den US-Pharmakonzern Pfizer sou frou iwwer eng Niewewierkung, ewéi iwwert dës. Millioune Männer hu scho mat Milliarde Viagra-Pëllen hir Erfarunge gemaach. Haut, um Dag vun der bloer Pëll, wëlle mir op e puer Punkten agoen. Dofir hu mir eis mam Urolog Patrick Krombach ënnerhalen.

Wat ass eigentlech Viagra?

"Ma de Viagra ass eng Pëll, déi géint den héije Longebluttdrock entwéckelt ginn ass, also et ass ee Vazodilatateur. Dat heescht, wann een dës Pëll hëlt, ginn d'Oderen auserneen, also op. Et ass just bäileefeg, datt ee gemierkt huet, dat doduerch och d'Erektioun besser geet."

Wéi eng Geschicht stécht dann hannert dëser bloer Pëll?

"D'Geschicht vun dëser Pëll ass, wou Pfizer dës Moleküll an der Pipeline hat, also entwéckelt huet, ewéi och getest huet, do war déi eigentlech geduecht géint d'Höhenkrankheet. Dat heescht, dat ass och näischt aneschters wéi héijen Drock an den Odere vun der Long.  An et war geduecht, datt d'Leit déi op Expeditioune ginn ewéi zum Beispill an den Himalaya oder soss iergendwou, kënnen dës Pëll huelen,  ebe géint dës Höhenkrankheet. Si hunn dës Pëll u Leit getest, déi an den Ande waren a si soten dunn, datt d'Pëll gewierkt huet, mee als Nieweneffekt ass hinnen all opgefall, datt hir Erektioune vill besser waren."

Am Internet kritt ee Viagra ze kafen, deen net vun der Mark Pfizer kënnt. Wat kann do schif goen, wann een esou eng Pëll einfach keeft a blann hëlt, ouni eng Kéier beim Dokter gewiescht ze sinn?

"Ech weess net genee, op ewéi eng Weekends-Pëll do Referenz geholl gëtt. Ech kennen elo keng, déi ee sech fräi am Internet bestelle kann. Wann do pharmazeutesch aktiv Substanzen dra sinn, dat géing ech kengem soen, hie kann dës Pëll elo einfach esou huelen. Et gëtt eng Pëll, déi Leit, wou se gebrauchen, villäicht als Weekends-Pëll beschriwwe gëtt, well se bësse méi laang wierkt. Mee och déi kritt ee just op Ordonnance. Dat heescht elo, eppes aus dem Internet bestellen, ass an der Reegel entweder illegal an et huet säi Grond och potenziell geféierlech ze sinn. Oder et ass eng Mëschung aus verschiddene Substanzen, déi warscheinlech inoffensiv sinn a warscheinlech och an och vill méi Wierkung hunn, ewéi ee Placebo-Effekt hunn. Dat heescht, et muss ee sech iwwerleeën, ob een da säi Geld dofir wëll ausginn oder villäicht léiwer fir eppes aneschters."

Wéi eng Niewewierkungen huet Viagra?

"Ma déi Pëll huet all méiglech Niewewierkungen, déi och eng Dilatatioun vun de Gefäässer maache kann. Am alldeegleche Gebrauch, wat d'Leit mir soen, ass, si kréie gutt de Kapp wéi. Dat heescht, se wierkt kuerz a staark. An all deene Klasse vu Medikamenter muss ee scho soen, datt de Viagra warscheinlech dee stäerksten ass. Déi heefegst Niewewierkung bei dësem Medikament ass de Kappwéi. Wat soss nach sou u Niewewierkunge kënnen opdauchen, sinn: Faarflech Verännerungen an der Vue, d'Nues ka lafen, de Bluttdrock kann erof goen. Insgesamt hält dësen Effekt 4 Stonnen un. Wann ee lo keng gréisser Vir-Erkrankungen huet, ass dat awer alles machbar. Awer oppassen, datt ee mam Dosage net iwwerdreift."

A wat geschitt, wann ee jonke Mann d'Pëll hëlt, ouni datt hie se onbedéngt brauch?

"Et ass eng Pëll, wou een nëmmen op Ordonnance kritt, och ee Jonken, ouni datt hien et weess, huet villäicht eng Niewenerkrankung an domadder Niewewierkungen ausléise kann, déi absolut net néideg sinn a potenziell och geféierlech kënne ginn. Also, ech géing kengem uroden, esou eng Pëll ze huelen, ouni awer eng Kéier mat engem Dokter, Expert geschwat ze hunn, deen dës Persoun och eng Kéier gesinn huet."

Firwat kréien d'Männer am méi héijen Alter Erektiounsproblemer?

"Am Alter hëlt d'Elastizitéit vun de klenge Gefäässer of an dat ass de Problem. D'Konditioune ronderëm mussen och ëmmer méi perfekt sinn. Dat heescht fréier mat 20 Joer, bei deene jonke Borschten do geet dat, egal wat lass ass. Och wann niewendrun eng Bom explodéiert dat ass kee Problem, mee am méi héijen Alter muss de Kontext besser sinn. Dat heescht, och wann do elo Stress ass oder Problemer an der Koppel selwer, dat geet schonn duer, datt et net méi gutt geet. A wann och soss grave Gefääss-Erkrankungen do sinn oder et ass een zockerkrank oder wann ee ganz vill gefëmmt huet an d'Gefäässer net méi gutt sinn, da kann dat och schonn een Ausléiser sinn."

Dierf een och zwou Pëlle mateneen huelen?

"Also wann een iwwert de recommandéierten Dosage eraus geet, dann huet dat schonn e Grond, firwat een eng gewëssen Dose verschriwwe kritt. Dat heescht, ech géing dat kengem roden, well et wierkt net méi. An et hëlt ee just a Kaf, méi Niewewierkungen ze kréien an dann och villäicht méi komplizéierter."

A wéi engem allgemenge Zoustand muss de Mann sinn, fir datt Dir him Viagra verschreift?

"E muss ee verléift sinn, do si meeschtens mir oder den Hausdokter schonn déi éischt Uspriechpartneren, also heiansdo ass och e klenge psychologesche Problem dohannert, mee och heimat ginn et da Situatiounen, wéi een esou een psychologesche Problem kann iwwerwannen."