Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Klimawandel medial thematiséieren: Iwwer 500 franséisch Journalisten ënnerzeechne Klima-Charta

Net just de Klimawandel, ma och seng Auswierkunge sollen an der Berichterstattung berécksiichtegt ginn. Och beim Bildmaterial wäert ee méi streng ginn.

Biller vu Kanner, déi Glace iessen oder am Waasser spillen, sollen net méi benotzt ginn, fir Hëtztwelle medial duerzestellen, déi duerch de Klimawandel verstäerkt ginn. Dat ass eng vun de Recommandatiounen, déi aus der Charta ervirgeet. Méi wéi 500 Journalisten a Frankräich hunn dës ënnerschriwwen a verflichte sech, de Klimawandel net als eenzelt Thema an hire Reportagen ze behandelen, mä och op d'Auswierkunge vum Klimawandel op Mënsch an Ëmwelt an der Berichterstattung anzegoen.

Obwuel et en immens dréchene Summer dëst Joer war an et op ville Plazen uechter Europa gebrannt huet, wier den Zesummenhang mam Klimawandel "nëmme seelen" ernimmt ginn, bedauert d'Autorin vun der Charta, d'Loup Espargilière.

Ronn 30 Redaktiounen a verschidde Journalisteschoule bekenne sech zu dëser Charta, dorënner RFI a France 24. D'Journaliste sinn opgeruff, sech mat Bléck op de Klimawandel stänneg weiderzebilden an déi wëssenschaftlech Erkenntnisser op eng verständlech Aart a Weis ze vermëttelen. Donieft wëllen déi betraffe Redaktioune versichen, manner CO2 ze verbrauchen. Ënnert anerem wëlle si méi ëmweltfrëndlech Transportmëttel benotzen an op Journaliste sur place zeréckgräifen. Eng weider Mesure ass, dass esou vill wéi méiglech soll op Publicitéit fir Produite verzicht ginn, déi als klimaschiedlech gëllen.