Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kloer Victoire: Petr Pavel gëtt President a Tschechien

De fréieren NATO-Generol huet sech mat ronn 58 % vun de Stëmme géint de populisteschen Ex-Regierungschef Andrej Babis duerchgesat, dee just 42 % krut.

Dës Zuelen huet d'tschechesch Statistikagence e Samschdeg matgedeelt.

Am Walbüro huet de Petr Pavel betount, e "wierdege President" wëllen ze sinn, deen "Iech keng eidel Versprieche mécht, mä d'Realitéit esou beschreift wéi se ass".

Den 61 Joer ale fréiere Parachutist huet vun 2015 bis 2018 de Militärkommitee vun der NATO geleet. Hie gëtt vun de Regierungsparteien ënnerstëtzt a wëll als President "d'Uerdnung erëm hierstellen" an d'EU- an NATO-Land mat Rou an Erfarung féieren.

De Walkampf war vun haarden Ausernanersetzungen gezeechent. Ënnert anerem gouf et eng Desinformatiounscampagne, déi virum allem op de Pavel fokusséiert war. Den Andrej Babis a seng Famill hu Mordmenacë kritt.