Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kokain an Heroin am Auto: Mann wéinst Verstouss géint Drogegesetz festgeholl

National - Kokain an Heroin am Auto
RTL

© AFP (Archiv)

En Dënschdeg am Nomëtteg war der Police an der Rue de Luxembourg zu Esch ee verdächtegen Auto opgefall.

Wéi d'Gefier mat den dräi Passagéier wéinst enger Policekontroll gestoppt sollt ginn, huet de Chauffer de Réckgang agemaach an ass e puer honnert Meter no hanne gefuer. Nodeems de Won gestoppt konnt ginn, goufe bei den Iwwerpréiwungen eng gréisser Quantitéit Heroin an eng kleng Quantitéit Kokain fonnt a séchergestallt.

Op Uerder vum Parquet gouf de Chauffer a Besëtzer vum Auto festgeholl a koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter. D'Droge goufe saiséiert.