Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kompromëss fonnt: Diskussioun wéinst Nimm op Walziedelen zu Dikrech

Wéi ee Virnumm vum Kandidat muss um Walziedel stoen? Déi Fro stellt sech, well et elo méi eng speziell Situatioun zu Dikrech gouf.

D'Presidentin vum tribunal d'arrondissement hat nämlech an enger éischter Phas Kandidatelëschten aus der Gemeng Dikrech verworf, well bei verschiddene Kandidate Virnimm stoungen, ënnert deene si de Wieler bekannt sinn an net déi offiziell, respektiv alleguerten de Kandidaten hir Virnimm.

LSAP, CSV an DP hunn doropshin der Inneministesch geschriwwen an de liberalen Deputéierten André Bauler hat der Taina Bofferding eng Question urgente gestallt.

De Ministère bezitt an der Äntwert zwar net kloer Positioun, gëtt awer ze bedenken, datt et an der Vergaangenheet net Usus war, datt d'Presidente vun de Walbüroen eng strikt Interpretatioun bei de Virnimm maachen, soulaang bei Ofkierzungen, Varianten oder Spëtznimm e gewësse Lien zum offiziellen Numm ze maache wier. Och goufen ni alleguer d'Virnimm vun de Kandidaten op de Lëschte verlaangt, sou de Ministère.

En Donneschdeg hat den Dikrecher Knuet sech awer schonn nees geléist. D'Magistratin an d'lokal Sektiounen hate sech wéinst hiren Dissonanzen nach emol zesumme gesat an haten e Kompromëss fonnt.