Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Konferenz vun CSSF an ABBL: Finanzerzéiung: Schonn a jonke Jore léieren, mat Suen ëmzegoen

Als Ofschloss vun der "Woch vun de Suen" gouf am ECG op enger Konferenz iwwert d'Erausfuerderunge vun der Finanzerzéiung am 21. Joerhonnert diskutéiert.

Ee vu siwe Jonker tëscht 14 an 20 Joer hat schonn emol finanziell Problemer. Mol net d'Hallschent vun de Jugendleche leet fir den Noutfall Suen op d'Säit. Dat si Resultater aus enger rezenter Ëmfro vun der "Fondation ABBL pour l'éducation financière".

Dës Fondatioun an d'CSSF fuerdere scho méi laang, dass d'Finanzerzéiung an de Schoule méi grouss geschriwwe gëtt. Kanner a Jugendlecher misste vill méi fréi a vill méi ëmfaassend bäibruecht kréien, wéi d'Finanzwelt funktionéiert, a wéi si richteg mat Suen ëmgoe sollen.

Am ECG gëtt et zanter dem Schouljoer 2020/21 eng Finanzsektioun. Ee Grond war, fir de Besoine vum Bankesecteur gerecht ze ginn. Mä d'Schüler hei hu sech net nëmme wéinst eventuelle Beruffsperspektive fir dës Sektioun decidéiert. Als éischten Avantage vun hirer Sektioun gesi si virun allem, dass si e gutt Alldagswëssen iwwert Finanzfroe vermëttelt kréien, an dass si an deem Beräich besser Bescheed wësse wéi hir Alterskolleegen.

Dass vill Jonker net genuch iwwert déi grouss Finanzwelt engersäits an hiren eegene Portmonni anerersäits Bescheed wëssen, dat steet fir d'Experte vun ABBL an CSSF ausser Fro. Grad an dësen Zäite vun Inflatioun an héijen Zënse wär et awer wichteg, scho fréi de richtegen Ëmgang mat Suen ze léieren.