Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kongress vun den Tories: Premierministesch a Parteicheffin Liz Truss steet ënner Drock

Zanter e Sonndeg kommen déi konservativ Tories a Groussbritannien eng 1. Kéier fir e Kongress ënnert der neier Premierministesch a Parteicheffin zesummen.

De Kongress, deen e Sonndeg ugefaangen huet, gëtt am Stil vun enger Konferenz mat enger ganzer Rei Manifestatiounen organiséiert. Bis e Mëttwoch sinn all Dag Riede vu Spëtzepolitiker a -politikerinne geplangt. D'Regierungscheffin Liz Truss schwätzt réischt ganz um Enn.

Si steet schonn no nëmmen e puer Wochen am Amt déck ënner Drock. Si huet nämlech ze lescht misste fatzeg Kritik astieche fir hir Wirtschaftspläng. D'Liz Truss wëll an der aktueller Kris d'Steieren erofsetzen, huet bis elo awer nach net gesot, wéi dat ganzt géigefinanzéiert soll ginn.

Et gëtt geschat, datt Groussbritannien nei Scholde misst maachen an Héicht vun e puer Dosende Milliarden. D'Pond ass doropshin an e Koup gebrach an déi brittesch Zentralbank huet missen agräifen. An awer hält d'Premierministesch un hirem ëmstriddene Plang fest.