Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Konsumenteschutz: Vun 399 ënnersichten Online-Shoppen notzen 148 manipulativ Praktiken

D'Europäesch Kommissioun an d'Agencë fir Konsumenteschutz vun 23 verschiddene Memberlänner hunn 399 Online-Shoppen iwwerpréift.

De Fokus vun de Kontrollen louch op der Applikatioun vu manipulative Praktiken, déi d'Visiteuren dozou brénge sollen, Decisiounen ze treffen, déi géint hir eegen Interessie sinn. Bei der Enquête hat sech erausgestallt, dass 148 Websäiten op d'mannst eng vun dësen dräi Praktike genotzt haten.

42 hate Compteuren, déi falsch Informatiounen iwwer d'Delaie fir de Kaf vu verschiddene Produiten uweisen, genotzt.
54 Säiten hunn hir Notzer entweder duerch hiren Design oder sproochlech Mëttel dozou gedrängt, Abonementer ofzeschléissen oder méi deier Produiten ze kafen.
A 70 waren esou opgebaut, dass wichteg Informatiounen fir de Verbraucher nëmme schwéier ze erkenne waren. Dat waren zum Beispill Informatiounen iwwer d'Käschte vun enger Liwwerung oder iwwer méi präisgënschteg alternativ Produiten.

Am Kader vun der Enquête goufen och d'Appe vu verschiddenen Online-Butteker iwwerpréift. Vun 102 haten der 27 manipulativ Praktike genotzt.