D'EU stäipt der Ukrain op engem Decisiven Ament demonstrativ de Réck. D’Politesch Spëtzt vun der Unioun ass den Ament an der Haaptstad Kiew.
Zu Bréissel huet d’Asbl Lukraine virum Europaparlament mobiliséiert, fir d’Rettungswiesen vum Land am Krich géint Russland wieder mat Spenden z’ënnerstëtzen. D’Messagen vun ukrainescher Säit, de Mëtteg zu Bréissel waren beonrouegend.
EU-Spëtzt op Visitt zu Kiew
D'Spëtze vun den EU-Institutiounen op Visitt zu Kiew.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen erkläert:"D’Héngerhaut geet engem aus. Si soen eis, et wiere 500.000 Russen, déi sech prett géife maache fir déi nächst Invasioun. Dat heescht, wa mir elo iwwer Hëllefspäck schwätzen am militäresche Sënn, ass dat zwar gutt, ma et geet net duer. "
Der Natalia Anoshyna, Chargé d'Affaires vun der Ukrainescher Ambassade. Hiren Appell goung ënnert d’Haut: "Wannechgelift, loosst eis net eleng. Mir brauchen äre Ënnerstëtzung, méi wéi jee.''
Christophe Hansen, Marc Angel, Tilly Metz, d’Lëtzebuerger Europadeputéiert ware sech es de Mëtteg eens. D’Ukrain muss wieder militäresch ënnerstëtzt ginn.
D’Tilly Metz vun Déi Gréng: "Wa mer engem wëllen hëllefen, ebombardéiert gëtt, deen ongerecht eng Invasioun, e grausame Krich erlieft, da kënnt een net derlaanscht eben och Waffen ze liwweren. Parallel muss een natierlech probéieren, datt d’Acteuren diplomatesch Moossnamen huelen."
Fir d'Lëtzebuerger Europadeputéiert däerft souguer d'Thema Kampffliger keen Tabu sinn."Mer mussen ophalen ze zécken", sou de Christophe Hansen. An den CSV-Europadeputéierten weider: "Mat de Panzer héieren ech, et ass gutt dat déi elo kommen. Ma et sinn der net genuch an se wäerten ze spéit kommen. Wann déi elo eréischt a 4-5 Méint dohannen ukommen, dann ass et villäicht schonn ze spéit mat deem wat sech do zesummebraut.’"
"Bei de Panzer ass vill ze laang diskutéiert ginn." Dat ass och d'Meenung vum Marc Angel., dee betount, all d'Waffe missten defensiv agesat ginn. Vum Vizepresident vum EU-Parlament ass et den Appell, als Europäer weider mat enger Stëmm ze schwätzen. Dofir wier den Ukrain-EU-Sommet ee ganz wichtege Rendez-vous. Och, fir 43 Milliounen Ukrainer eng Perspektive ze ginn: déi vum EU Bäitrëtt.
"Si kämpfe fir eis Wäerter. Dofir fannen ech et richteg, datt mer hinnen déi Perspektive ginn. Mais an där Resolutioun, déi mer haut gestëmmt hunn, steet jo nach eng Kéier ganz kloer dran: Et gëtt keng acceleréiert Procedure fir der Europäescher Unioun bäizetrieden. Dofir ass et wichteg, datt d’Ukrain elo och an dëse schwéieren Zäite scho Reforme mécht. An dofir ass et och wichteg dat mir als Europäesch Unioun se bei deene Reformen ënnerstëtzen." Milliarde wäerten néideg sinn, fir den Neesopbau. Millioune wëllt d'Asbl Lukrain mat hirer zu Lëtzebuerg gebuerener Iddie sammelen. Den Ament stinn 520.000 Euro um Spenden-Konto, 16 Rettungsgefierer konnte schonn an d'Ukrain geschéckt ginn. Weiderer kommen déi nächst Méint no, sou den Nicolas Zharov, President vu Lukraine. "We will survive", mir wäerten iwwerliewen. D'Ukrainer wäerten net opginn. Vu Bréissel aus gi si den Europäer Rendez-vous, fir zesummen hier Victoire ze feieren. Och wann de Präis elo schonn ee ganz héijen ass.