Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Krich an der Ukrain: Temoignage: Vill ONGen hëllefen, dorënner och eng jett Fräiwëlleger

Iwwer en halleft Joer ass et lo hier, dass duerch den Amarsch vun de Russen an der Ukrain d'Liewe vun der Populatioun vu Misär an Ängschte gepräägt ass.

Vill ONGe sinn op der Plaz fir ze hëllefen. Och Fräiwëlleger sinn am Asaz, wéi zum Beispill de jonke Lëtzebuerger Philippe Jacob, deen zanter dem 6. September an der Krichsregioun fir d'Caritas schafft. De Christophe Hochard huet sech mam Bréisseler Student ënnerhalen.

Iwwer 7 Méint zitt sech mëttlerweil de Krich an der Ukrain. Nieft der Zerstéierung hannerléisst dëse Konflikt déif Wonne bei der Populatioun. Zanter Kuerzem ass eng mobil Klinik ënnerwee, mat haaptsächlech Dokteschen, déi bei d'Leit fueren, déi soss u keng medezinesch Hëllef kéimen.

De Philippe Jacob: "Zwou Dokteschen, d'Nina an d'Ira, si responsabel fir d'Medikamenter. Si zortéieren dës an enger grousser Logistikhal zu Kiew. Aus Europa an den USA kommen d'Medikamenter. Zanter 6 Méint maachen déi 2 Dammen dës Aarbecht."

"Vu Kiew aus gëtt och d'Iesse fir d'Mënschen aus de Kriseregioune verdeelt. Tëscht 20 a 60 Tonnen Iesswuere kéimen deeglech an der ukrainescher Haaptstad un. D'Populatioun wär fir all Hëllef, déi aus Europa an den USA kéim, dankbar."

De Philippe Jacob ass iwwerdeems scho fir d'drëtte Kéier fir Caritas Lëtzebuerg am Asaz. Hie mécht en Appell, wat elo am dréngendste gebraucht gëtt.

"Lues, mee sécher fänkt et nuets u kal ze ginn an der Ukrain. Nieft Iesswuere ginn elo dréngend Wanterkleeder fir d'Mënschen an dëser Krichsregioun gebraucht."

Iwwregens huet den Interview mam Philippe Jacob missen ofgebrach ginn. Eng Alerte koum iwwer Handy beim Lëtzebuerger zu Kiew un.