Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kritik vu Piraten: Regierung huet Pëtrolsentreprisë vis-à-vis vu Konsumenten "staark bevirdeelegt"

D'Bruttomarge an domadder de Gewënn vun de Pëtrolsentreprisen zu Lëtzebuerg wier nämlech an de leschte Joren ëmmer weider eropgaangen.

D'Piratepartei huet der Regierung a virop dem gréngen Energieminister Claude Turmes en Dënschdeg op enger Pressekonferenz virgeworf, d'Pëtrolsentreprisen an de leschte Jore vis-à-vis vun de Konsumente finanziell staark bevirdeelegt ze hunn. De Kontrakt tëscht dem Staat an dem Groupement énergie et mobilité, deen zanter 2004 d'Pëtrolspräisser zu Lëtzebuerg reegelt, wier zanter 2014 a besonnesch zanter 2019 reegelméisseg sou geännert ginn, datt d'Bruttomarge an domat och de Gewënn vun den Entreprisen däitlech iwwert dem Niveau vum Index geleeën hätt.

De Piraten-Deputéierte Sven Clement gesäit doranner eng gewëssen Inkonsequenz. "Den 1. August dëst Joer ass d'Marge brute bei alle Pëtrolsproduiten, och beim Chauffage, eropgaangen. Gläichzäiteg, wou mer de Leit soen, datt et een haarde Wanter gëtt. Gläichzäiteg, wou mer de Leit soen, datt een Energie spuere misst, gläichzäiteg, wou mer de Leit soen, datt et wichteg wier, rational domadder ëmzegoen, gi mer d'Beneficer vun de Pëtrolsfirmen erhéijen, politesch gewollt."

Dobäi hätten d'Entreprisen zu Lëtzebuerg am Géigesaz zu Frankräich an de leschte Wochen a Méint näischt zur Baisse vun de Spritpräisser bäigedroen, mä d'Leit den Tankrabatt mat hire Steiersue selwer bezuelt.

Fir de Sven Clement ginn et nëmmen zwou méiglech Erklärunge fir dëst Virgoe vum Claude Turmes. "Et ass entweder Inkompetenz oder schlecht Ofsicht. Entweder weess hien net, wat a sengem Numm ënnerschriwwe gouf oder en hat d'Absicht, datt d'Pëtrolsfirme méi verdéngen. Ech kann Iech éierlech gesot net soen, wat dovu méi schlëmm ass. Entweder huet hie säi Ministère net am Grëff, well hien net weess, wat do geschitt oder mir hunn ee Minister, deen am Fong international renomméiert war fir säin Engagement fir de Klimaschutz, deen hei zu Lëtzebuerg d'Pëtrolspräisser erhéicht huet, mä net fir de Klimaschutz ze stäerken, mä fir d'Krichskeess vun de Pëtrolsmultien, déi deelweis aktiv géint de Klimaschutz virginn."

Präzis Chifferen iwwert d'Héicht vun der Bruttomarge hunn d'Piraten iwwerdeems net presentéiert. Dës géingen zwar an engem Tableau stoen, mä hire Jurist hätt hinnen ofgeroden, se ze nennen, well een dat als Verstouss géint d'Geschäftsgeheimnis vun de Pëtrolsfirmen interpretéiere kéint.