Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kuerz no Mëtternuecht: Alkoholiséiert Fra randaléiert zu Bouneweg, iwwernuecht am Policebüro

Um spéiden Donneschdeg den Owend gouf eng Fra gemellt, déi an der Bouneweger Strooss virun engem Café randaléiert huet.

Well si eng Gefor fir sech a fir d'Leit duergestallt huet, gouf si vun der Police matgeholl, fir an der Zell ze iwwernuechten.

Op der A1 krut d'Police um Donneschdeg um 11 Auer ee Camionschauffer gemellt, deen net méi konnt riichtaus fueren. Well hien ze vill gedronk hat, gouf ee provisorescht Fuerverbuet decidéiert.

An der Stad goufen um spéiden Donneschdeg den Owend an der Avenue John F Kennedy an kuerz no Mëtternuecht an der Ënneschtgaass e Rucksak, respektiv eng Täsch matgeholl. A béide Fäll gëtt enquêtéiert.

D'Police erënnert an deem Kontext dorunner, datt ee seng Wäertsaachen an Täschen ni soll aus dem Bléck verléieren.