RTL-Informatioune no wiere Vertrieder vun LSAP a Gréng och invitéiert gewiescht, wieren awer net op d'Soirée komm.
Se hu matenee geschwat: Vertrieder vun der CSV a vun der DP waren RTL-Informatiounen no e Freideg op Initiativ vum Bauentrepreneur Marc Giorgetti an engem Restaurant zu Monnerech. Net dobäi ware Vertrieder vun den aneren aktuelle Regierungsparteien LSAP an déi Gréng, obwuel och Membere vun deene Parteien ageluede waren, sou de Marc Giorgetti op Nofro hin.
Mat dobäi war awer RTL-Informatiounen no effektiv och de fréieren LSAP-Minister an elo Administrateur beim Immobiliëgrupp BESIX Etienne Schneider. De Marc Giorgetti ënnersträicht och, datt et sech ëm eng privat Soirée gehandelt hätt mat Leit, déi hien ebe kennt. Ënnert den Invitéë waren dann och d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, de Vize-President vum Staatsrot Alain Kinsch a fir d’CSV ënnert anerem de Spëtzekandidat Luc Frieden an d'Deputéiert Mosar, Wilmes a Wiseler. Alleguer soen, si wieren als Privatpersounen um Iesse gewiescht.
Dacks ass et viru Walen esou, datt Membere vun de grousse Parteien den Terrain bei potentielle Koalitiounspartner sondéieren. D'Formatioun vun enger neier Regierung hänkt natierlech awer nach ëmmer dovunner of, wéi eng Majoritéiten no de Walen méiglech sinn.
Interessant ass bei dëse Chamberwalen, datt d’Regierungsparteien op ville Sujeten net op enger Linn sinn. Mat der CSV sinn awer och d’Regierungsparteien net d’Accord. D’CSV wëll ënnert anerem nees méi Mesuren, fir den Invest an de Logement locativ z'ënnerstëtzen, dorënner awer Steiermesuren, déi d’DP mat LSAP a Gréng ofgeschaaft, respektiv limitéiert huet.