Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kulturministère deelt mat: De Prix Batty Weber 2023 geet un d'Margret Steckel

D'Margret Steckel huet Kuerzgeschichten, Erzielungen a Romaner geschriwwen, déi Ufanks haaptsächlech autobiographesch gepräägt waren.

Wichteg Momenter vun der europäescher Geschicht vum 20. Joerhonnert goufen duergestallt, wéi z.B. den Nationalsozialismus, d'Realitéit vun der fréierer DDR, Fluchtbeweegungen a Froe vun der Alteritéit vun engem Liewen am Ausland, grad ewéi den Neesopbau no 1989.

De Jury war zesummegesat aus:

Jean-Claude Henkes
Jérôme Jaminet
Lambert Schlechter
Odile Simon
Tamara Sondag
Sébastian Thiltges
Nathalie Jacoby.

Hir Argumentatioun war: "Das Werk Margret Steckels (*1934) zeichnet sich durch eine sprachliche und thematische Dichte aus, die historischen Kontext und präzise Figurenzeichnung zu Texten von großem Nuancenreichtum verbindet."

De Batty Weber Präis ass mat 10.000 Euro dotéiert.

Déi offiziell Zeremonie fir d'Präisiwwerreechung ass de 26. September um 19.30 am Centre national de littérature zu Miersch.