Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kusel a Rheinland-Pfalz: Déidlech Schëss op Polizisten: Liewenslaange Prisong fir den Täter

Nodeems bei Kusel a Rheinland-Pfalz zwee Polizisten erschoss goufen, gouf e Mëttwoch d'Urteel géint ee vun deenen zwee Ugeklote gesprach.

Op der Uklo-Bänk souzen zwee Männer, déi den 31. Januar illegal an engem Bësch gejot haten, a wéi si erwëscht goufen, eng Polizistin vun 31 Joer an e Polizist vun 39 erschoss sollen hunn.

Den Haaptugekloten Andreas S. hat, wéi et aus dem Ermëttlungen ervirgoung, deemools op déi zwee Poliziste geschoss a gouf dowéinst och um Mëttwoch de Moien um Landgeriicht zu Kaiserslautern zu liewenslaangem Prisong verurteelt. D'Geriicht huet déi "besondere Schwere der Schuld" festgestallt.

Den zweeten Ugeklote Florian V. huet sech wéinst Wëlderei misse veräntweren.

Geriicht kënnt Fuerderung vum Parquet deels no

De Parquet hat virun enger Woch eng liewenslänglech Prisongsstrof ouni Méiglechkeet op fréizäiteg Entloossung fir den Andreas S. gefrot. Fir de Florian V. huet de Parquet eng Verurteelung wéinst Bäihëllef u Wëlderei gefuerdert, huet awer op Stroffräiheet plädéiert. D'Verdeedegung vum Florian V. huet sech dem Parquet bei der Fuerderung ugeschloss. D'Affekote vum Andreas S. haten d'Mord-Reprochen zréckgewisen, hunn awer keng spezifesch Demande gestallt.