Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lancement vum Service Eltereforum: Eng Plaz fir Informatioun, Austausch an Ënnerstëtzung

Mam Eltereforum an och dem Elteremobil wëll de Ministère Elteren a verschiddene Situatiounen ënnerstëtzen an hinne mat Rot zur Säit stoen.

D‘Kand kënnt an d’Pubertéit, de Puppelchen hält net op, mat kräischen, oder d’Geschwëster sinn nëmmen um streiden. Et si bekannte Situatiounen, an deenen d’Elteren dacks net richteg weiderwëssen. Dem Educatiounsministere no wieren d’Eltere mat hire Suergen a Froen ronderëm d’Erzéiung dacks eleng. Aus dësem Grond gouf de Service Eltereforum lancéiert. Et soll eng Plaz fir Eltere sinn, déi hinne konkret Informatiounen, Rotschléi an Ënnerstëtzung ubitt. Dëst vun der Schwangerschaft bis an de Jugendalter.

Eltereforen / Reportage Sabrina Backes

De Service vun den Elterefore wëll Eltere qualitativ Informatiounen iwwer d’Erzéiung mat op de Wee ginn, dëst ënner anerem iwwer de sougenannten Elteremobil, engem Eltereforum op Rieder, esou de Gilles Rod, Responsabele vum Service:

"Mat deem wäerte mer bei d’Leit fueren, well mer kënne net erwaarden, dass d’Leit bei eis schelle kommen an eis Haiser an dass se eis selwer fannen. Mir wëlle gäre bei d’Leit higoen, mer wäerten an d’Regioune goen, mer wäerten, wéi de Minister scho sot, op Fester goen. Mir wäerten op Schoul- an Duerffester goen an a Géigende fueren, wou villäicht net direkt eppes ass, einfach, fir no bei de Leit ze sinn an hinnen Informatioune kënnen ze ginn.“

Iwwerdeems wëll de Service den Erfarungsaustosch tëscht den Elteren fërderen. "Eltere solle sech zesummefannen, se sollen eng sécher Plaz hunn, eng schéi Plaz hunn, wou se sech kënne treffen, dat schéngt eis immens wichteg, grad an engem Land, wou 50 Prozent Auslänner sinn, déi net onbedéngt Ressourcen oder Kontakter hei hunn, an dësem Fall, an dat hu mer och am Ausland gesinn, kann esou een Eltereforum een immens integrative Charakter hunn.“

Och wéilt ee gären eng konkret Ulafstell fir d’Eltere sinn, wann dës net méi weiderwëssen. Dofir huet den Educatiounsministere och fest Strukturen uechter d’Land opgebaut, den Ament ass dat zu Maarnech, Nidderaanwen a Beetebuerg. Zil ass et awer an Zukunft an alle Regioune vum Land e feste Sëtz ze hunn.

Informatioune ronderëm den Thema Erzéiung ewéi och iwwer geplangten Aktivitéite fannt Dir och um Internetsitte eltereforum.lu.