Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

LBR: Fonctionement a Reform vun de Lëtzebuerger Business-Regësteren

Wéi funktionéieren d’Lëtzebuerger Business-Regësteren? Wie benotzt d’Donnéeë vun de Regësteren, wien dréit se an a wie kontrolléiert se?

Ënnert anerem dëst huet den Direkter vum LBR, den Yves Gonner en Dënschdeg am Kader vun enger Konferenz vum Kollektiv Tax Justice Lëtzebuerg zu Bouneweg erkläert.

Lëtzebuerger Business-Regësteren/Rep. Claudia Kollwelter

Am Februar dëst Joer gouf d’Reform vum LBR annoncéiert, fir e méi proaktive Rôle ze spillen, wat d’Donnéeë vun Entreprisen an Associatiounen ugeet. D’Strategie, déi ee sech ginn huet, soll bis 2023 ëmgesat ginn, erkläert den Yves Gonner.

"Mir solle prezis a korrekt Informatioune liwweren, fir datt d'Leit Vertrauen an de Regëster hunn. Mir wëllen och, datt d'Donnéeë bësse genotzt kënne ginn an eis Regësteren domat maximiséieren. Wa mer Informatioune sammelen, ass dat och, fir datt se gekuckt a genotzt kënne ginn."

Den LBR späichert net méi just Donnéeën, mee kontrolléiert se och. Dee Kontroll soll an den nächste Jore perfektionéiert ginn.

"Mir maachen automatiséiert Kontrollen, déi an de Formulairen integréiert sinn an awer och manuell Kontrollen a Kontrollen, déi am Raccord mat aneren Datebanke gemaach ginn an déi nach ausgebaut ginn, soubal de rechtleche Kader eis dat erlaabt."

Duerch eng parlamentaresch Fro koum d'lescht Woch eraus, datt 1.300 ASBLen net en règle si mam Gesetz iwwert de Registre des bénéficiaires effectifs. Fir sou Fäll géifen et eng Partie Mesurë ginn.

"Mir versichen, vill an der preventiver Phas ze maachen, mee mer wäerten awer och d'Entreprisen duerch en automatesche System virwarnen, wann Echeancen op en Enn kommen. A wann d'Echeance iwwerschratt ass, gi se och dorop opmierksam gemaach."

Wann dat allerdéngs näischt bréngt, da kéime Sanktiounen op d’Entreprisen an ASBLen duer, administrativ Amenden, Geldstrofen, bis hin zu enger Opléisung vun der Entreprise a Geriichtsaffären, huet den Direkter vum LBR nach erkläert.