Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

LCGB: "Skandaléis, datt d'CNS kee Respekt virum Rechtsstaat huet"

E Méindeg de Moien huet ee beim LCGB op enger Pressekonferenz sengem Ierger iwwer déi aktuell Situatioun am Gesondheetssecteur Loft gemaach.

Et géing net ëm d'Wuelbefanne vun de Versécherten, mä just nach ëm Muecht goen. Eng besonnesch kritesch Roll géing dobäi d'CNS spillen. Dëst ënner anerem am Beräich vun der inaptitude fir schaffen ze goen.

Zanter 2015 géing et ëmmer nees passéieren, datt Salariéen, déi vum Aarbechtsdokter krank geschriwwe goufen, vum Contrôle médical vun der Gesondheetskeess als capabel fir Schaffen ze goen agestuuft ginn. Verschidde vun de Betraffene wiere mat Hëllef vum LCGB viru Geriicht gaangen an hätte Recht kritt. Doropshi wier d'CNS an Appell a souguer virun d'Cour de cassation gaangen an hätt ëmmer nees verluer.

Ma dës Urteeler hätt ee bei der CNS einfach ignoréiert, bis den zoustännege Minister Claude Haagen, op Drock vum LCGB, Mëtt Oktober intervenéiert ass. Bei der Gewerkschaft fënnt een et skandaléis, datt ee bei der Gesondheetskeess anscheinend kee Respekt virum Rechtsstaat hätt. Ma och an anere Beräicher géing d'Kromm an der Heck leien. Beispillsweis beim Zougank zu Medikamenter géint Kriibs, der allgemenger Kommunikatioun mat de Versécherten, der Nomenklatur an der Digitaliséierung.