Den drëtten a leschten Dag op de EuroSkills 2023, der gréisster Meeschterschaft vun de Beruffer an Europa, ass op en Enn gaangen.
An de leschte Minutten ass den Drock nach eemol zolidd geklommen. Séier gëtt versicht, nach déi lescht Imperfektiounen ze verbesseren, d'Schaffplaz ze botzen an d'Geschier ze raumen, fir eventuell nach deen een oder aneren zousätzleche Punkt z'ergatteren. "2 minutes left" schaalt et aus ville Lautsprecherboxe queesch iwwert d’Areal ronderëm d'Polsat Plus Arena zu Danzeg. D'Handgrëffer ginn ëmmer méi séier. Déi lescht 10 Sekonne sinn ugebrach. Haart zielen d'Experten de Countdown erof: "Ten, Nine, Eight...". D’Spectateuren, déi sech bei de Workshops versammelt hunn, ziele mat. "Two, One, Time’s up!"
All d'Competiteure strecken d'Hänn an d'Luucht, ronderëm si donnert den Applaus. 3 Deeg laang Stress an Opreegung, gefëllt mat neien Impressiounen, ginn op en Enn. D'Emotiounen, déi an de leschte Stonnen ënnerdréckt goufen, komme mat voller Wucht zeréck. Experten a Competiteure leie sech an den Äerm. An och wann d'Resultater eréischt um Samschdegowend publizéiert ginn, wësse si elo schonn all, wat si geleescht an erreecht hunn. Et ass d'Erliichterung, déi alle Bedeelegten ofzegesinn ass a fir ee Moment ass et kengem wichteg, ob a wou e sech placéiert huet. D'Freed, et gepackt ze hunn, an den Houfert, dat eegent Land vertrieden ze däerfen, stinn alle Jonken an d'Gesiicht geschriwwen.
D'Competiteure freeë sech elo drop, endlech nees e relaxen Owend verbréngen ze kënnen. Op d'Experte kënnt dogéint nach Aarbecht zou. Deelweis bis spéit an d'Nuecht eran bewäerte si no de festgeluecht Krittären, datt fir den Owend drop alles prett ass.
Ënnerstëtzung aus Lëtzebuerg a Warschau
Zur grousser Freed vun der Lëtzebuerger Nationalekipp sinn op dësem leschten Dag Supporter ugereest. Frënn a Familljememberen, mä och Partner vu WorldSkills Lëtzebuerg hu sech op de Wee a Polen gemaach, fir sech op der Plaz eng Impressioun vum Event ze maachen. Och si sinn an der éischter Rei dobäi, wéi d'Concoursen ofgepaff ginn: "Roude Léif, huel se!" sollt un dësem Dag op méi wéi enger Plaz am Chouer geruff ginn.
Ma och de Paul Schmit, Ambassadeur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg zu Warschau, huet et sech net huele gelooss, op Danzeg ze kommen, fir seng Ënnerstëtzung ze weisen. Am kuerzen Interview erzielt hien vu sengen Impressiounen:
Am Nomëtteg gouf et dunn e Grond fir ze feieren: Mat der Ënnerschrëft vum Memorandum of Understanding tëscht de WorldSkills-Organisatioune vu Lëtzebuerg an Däitschland an dem europäeschen Daachverband ass elo formell festgehalen, datt d'EuroSkills 2027 zu Düsseldorf wäerte stattfannen an zwar als Kooperatioun tëscht dem Grand-Duché an der Bundesrepublik, eng Première an der Geschicht vun den EuroSkills.
Kreativ bei der Saach
Am Skill "Graphic Design Technology" ass eist Land duerch de Charel Lepage vertrueden. Um Computer, awer och um Pabeier plangt, entwërft a produzéiert hie Graphiken, Logoen an Affichen. Iwwert d'Erausfuerderung op dësen EuroSkills schwätzt hien a sengem Interview:
E memorablen Accueil
D'Sarah Nockels interagéiert anescht mat de Clienten. Bei "Hotel Reception”"steet eng frëndlech, professionell a problemléisungsorientéiert Approche am Fokus. Dobäi erfuerdert de Beruff méi Kompetenz, wéi just en Zëmmerschlëssel z'iwwerreechen. Gäscht froen all méiglech Informatiounen, vu Suggestioune fir Restaurenten bis hin zu bekannten a manner bekannten Attraktiounen. Donieft gëtt d'Personal an der Receptioun oft als éischt mat alle méigleche Problemer konfrontéiert. Hei gëllt et, roueg ze bleiwen an eng akzeptabel Léisung ze fannen.
An enger Rëtsch Rollespiller mussen d'Competiteure sech mat alle méiglechen Zorte Gäscht an hire Reklamatioune befaassen. Ween hei gewanne wëll, muss also net nëmmen den néidege Knowhow matbréngen, mä och e Sënn fir Improvisatioun hunn a pragmatesch iwwerleeë kënnen.
De richtegen Uschloss
Em Heizung a Sanitär geet et am Skill "Plumbing and Heating”" Den Islem Abichou, deen am Moment seng Léier als Installateur mécht, muss eng komplett Installatioun opbauen. Hei gëllt et, d'Réier op déi richteg Längt ze bréngen an op de korrekte Wénkel ze béien. A reegelméissegen Ofstänn gëtt gepréift, ob alles dicht ass.
Et muss also präzis geschafft ginn. En ondicht Ventil kascht net nëmme Punkten, mä kann och geféierlech ginn, esouwuel fir de Client wéi och fir den Installateur selwer. Mat schwéierem Geschier, esouwuel an der Héicht an um Buedem, ass den Islem gutt beschäftegt, fir d'Installatioun no Plang opzeriichten.
De leschte Pitch
De Gregory Herbrig an de Maurice Hoffmann hunn hir lescht Presentatioun iwwerstanen. Am "Entrepreneurship / Business Development" gëllt et, am Team eng Geschäftsiddi ze konzipéieren an ze entwéckelen. Dofir musse kuerz-, mëttel- a laangfristeg Ziler definéiert a potenziell Investisseuren iwwerzeegt ginn.
Dëse relativ jonke Skill bréngt esou munch Erausfuerderung mat sech. En innovative Geescht, also de Courage, Neies wëllen auszeprobéieren, ass grad esou gefuerdert wéi eng kompetitiv Approche. Um Enn sollt ëmmerhin e Benefice erauskommen. Beim Pitchen, also dem Präsentéiere vum Geschäftsplang, hoffen de Maurice an de Gregory, den Jury op hir Säit zéien ze kënnen.
D’Resultater vun den EuroSkills 2023 ginn e Samschdeg den Owend op der grousser Closing Ceremony bekanntgemaach.