Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lëtzebuerger Futtballer am Ausland: Anthony Moris spillt mat St. Gilloise Gläich géint Antwerpen

Am Spëtzematch spille béid Ekippen 1:1. Domat fält d'Entscheedung em de Meeschtertitel an der Belsch um leschte Spilldag. 

Den Anthony Moris war e Sonndeg am Spëtzematch an der belscher Championsship Grupp beim Tabellenéischten Antwerpen op Besuch. No 14 Minutten huet de Janssen d'Féierung konnte fir Antwerpen markéieren. Laang huet et gedauert bis d'Ekipp vum Anthony Moris, deen wéi gewinnt de ganze Match am Gol stoung, konnt de Score nees ausgläichen. 10 Minutte viru Schluss huet de Vermeeren dunn awer konnten den 1:1 markéieren, wat och d'Schlussresultat am Spëtzematch sollt sinn. Domat steet St. Gilloise ee Spilldag viru Schluss weider op der 2. Plaz, och wann ee per Punkte gläich op mat Antwerpen ass. D'Entscheedung em de Meeschtertitel fält deemno um leschte Spilldag.

Um leschte Spilldag an der Eredivisie huet Sparta Rotterdam géint den Tabelleleschte Groningen mat 5:0 gewonn. De Mica Pinto ass bei Sparta an der Paus fir de Meijers ausgewiesselt ginn. Fir de Lëtzebuerger war et an Holland awer eng weider ganz gutt Saison. No 34. Spilldeeg klasséiert sech de Lëtzebuerger mat Sparta Rotterdam op der 6. Plaz an der Tabell. Champion an Holland ass Feyenoord Rotterdam ginn.

An den USA huet New York City mam Maxime Chanot doheem 1:3 géint Philadelphia Union verluer. An der Eastern Conference steet en aktuell op der 11 Plaz an der Tabell. De Lëtzebuerger Defenseur stoung déi 90 Minutten um Terrain vun der Lokalekipp.

Samschdeg

Am leschte Match vun der Saison konnt Waldhof Mannheim sech mat enger Victoire vu senge Fans an d'Summerpaus verabschiden. De Veräi vum Laurent Jans, deen 90 Minutten duerchgespillt huet, klappt Duisburg 3:1. Mannheim louch fréi 2:0 vir a konnt no der Paus op 3:0 erhéijen, woumat de Match decidéiert war. Duisburg konnt kuerz viru Schluss nach den Éieregol markéieren. Mannheim schléisst d'Saison mat 60 Punkten op der siwenter Plaz of a wäert sécherlech an der nächster Saison nees de Versuch starten, an d'zweet Bundesliga ze klammen.

Mam Leandro Barreiro an dem Mathias Olesen waren zwee Lëtzebuerger Nationalspiller an de Meeschterkampf an der Bundesliga involvéiert. De Barreiro a Mainz hunn et Dortmund richteg schwéier gemaach an de Schwaarz-Gielen duerch en 2:2 de Meeschtertitel op de leschte Meter ewechgeholl. Am anere Match huet Köln et laang spannend gemaach, mee huet schlussendlech 1:2 géint Bayern München verluer, déi domat hir 33. Meeschterschaft feiere konnten. De Leandro Berreiro huet am Westfalenstadion 90 Minutten duerchgespillt, wärend de Mathias Olesen de Match am Müngersdorfer Stadion vun der Bänk suivéiert huet.

Um zweetleschte Spilldag an der bulgarescher Meeschtergrupp huet ZSKA Sofia géint Lokomotive Plovdiv 1:0 gewonnen a sech domat provisoresch op Plaz 1 geschafft. E Gol vum Mattheij an der 25. Minutt goung duer, fir de Kontrahent Ludogorez Rasgrad, deen e Sonndeg spillt, ënner Drock ze setzen. Den Eldin Mahmutovic stoung wärend 90 Minutten um Terrain.

Ujpest, d'Ekipp vum Tim Hall, huet um leschte Spilldag ouni de Lëtzebuerger Defensivspiller 0:2 zu Debrecen verluer a schléisst d'Saison mat Plaz 7 of.

Freideg

Ee Spilldag viru Schluss huet St. Pölten an der 2. Liga an Éisträich mat 1:2 beim Kapfenberger SV de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger Dirk Carlson stoung de ganze Match um Terrain.

Bei nach engem Match, deen dës Saison ze spille bleift, ka St. Pölten net méi opsteigen. Duerch dräi Néierlagen noeneen steet ee mat 53 Punkten op der 3. Tabelleplaz. D'Decisioun ëm den Opstig maachen de Grazer AK an den FC BW Linz ënnert sech aus. Graz huet aktuell mat 59 Punkten ee Punkt Virsprong op Linz.

An der Woch war et dann och schonn d'Nouvelle, datt de Marvin Martins säi Kontrakt bei Austria Wien bis 2025 verlängert huet.