Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lëtzebuerger Futtballer am Ausland: Den FSV Mainz 05 trëfft an der Nospillzäit zum 1:1 géint Hertha BSC

Nodeems de Leandro Barreiro bei Mainz déi lescht Matcher entweder an- oder ausgewiesselt gouf, huet hie géint d'Hertha de ganze Match duerchgespillt.

Um Freidesmatch an der Bundesliga krut den Tabelle-Sechste Besuch vum Hertha BSC, déi no 6 Spilldeeg eréischt 5 Punkten hunn. De Leandro Barreiro stoung vun Ufank u fir Mainz mat um Terrain.

De Match hat eng Ufanksphas ouni gréisser Highlights. An der 30. Minutt ass d'Hertha dunn awer duerch den éischte geféierleche Ball op de Gol vu Mainz a Féierung gaangen. Den Tousart konnt via Kapp den 1:0 fir d'Hertha markéieren. Mainz huet kee wierklecht Rezept fonnt fir sech Chancen erauszespillen. Domat goung et mam 0:1 an d'Kabinnen.

An der 2. Hallschent sollt sech net vill um Match änneren. Et goufe wéineg Chancen op béide Säiten. Och d'Auswiesslunge sollten net vill dorun änneren. De Match war gepräägt vu Feelpassen a Fouls. An der 64. Minutt hat de Barreiro eng Chance via Kappball, ma dee war net präzis genuch, ma genee op de Christensen. Och seng Matspiller hunn et net besser gemaach... bis et an d'Nospillzäit gaangen ass. Den agewiesselte Caci (55. Minutt) konnt an der 94. Minutt den 1:1 zu Gonschte vu Mainz schéissen a verhënnert domat in extremis eng Néierlag doheem. Et ass dann och den 1. Gol an engem Heemmatch dës Saison fir déi Mainzer.

Mainz huet elo 11 Punkten a bleift virleefeg op Plaz 6 an der Tabell. D'Hertha hätt 3 Punkte gutt gebrauche kënnen, fir aus dem Tabelle-Keller ze kommen. Den 1 Punkt bréngt se zwar elo mol iwwer Nuecht op Plaz 12, ma dat dierft net fir laang sinn.

Lëtzebuerger Futtballer am Ausland

Bundesliga
FSV Mainz 05 - Hertha BSC (Leandro Barreiro huet bei Mainz de komplette Match gespillt)