Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lëtzebuerger Futtballer am Ausland: Héich Néierlag fir Barreiro mat Mainz, Victoire fir Moris mat Saint-Gilloise

En Dënschdeg scho konnt de Florian Bohnert eng Victoire an der zweeter franséischer Liga feieren.

Et war net de beschten Optrëtt vum Leandro Barreiro a Mainz. Nodeem si schonn an der Paus 0:3 géint Bayern am DFB-Pokal hanne waren, huet de Lëtzebuerger am Kader vun de Mainzer, deen nach an der Start 11 stoung, nom Téi op der Bänk misste Plaz huelen. Nom Säitewiessel hunn d'Bayern nach ee Gol geschoss, esou datt si no engem 4:0 am DFB-Pokal eng Ronn weider sinn.

An der Belsch war den Anthony Moris mat der Union Saint-Gilloise an der Coupe géint Royal Antwerpen gefuerdert. De Lëtzebuerger, deen 90 Minutten tëscht de Pottoe stoung, huet kee Ball laanscht gelooss an esou ass ee Gol vum Nieuwkoop an der 84. Minutt duergaangen, fir dëse Match ze gewannen.

Dënschdeg

Florian Bohnert géint den AS Saint-Étienne. D'Goler vun den Van den Kerkhof an der 50. an den Ducrocq an der 65. geschoss. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match iwwer um Terrain.