Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lëtzebuerger Futtballer am Ausland: Mica Pinto a Sparta Rotterdam kommen an d'Rullen

An Däitschland dogéint gouf et fir de Leandro Barreiro an de Laurent Jans kee Punkt. Den Anthony Moris an Danel Sinani konnte sech iwwer 3 Punkte freeën.

Um Sonndeg war de Mica Pinto mat Sparta Rotterdam zu Waalwijk am Asaz. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller, deen 90 Minutten duerchgespillt huet, konnt um Enn mam 2:2 frou sinn, well si knapp 30 Minutten an Ënnerzuel gespillt hunn. Sparta Rotterdam steet aktuell am sécheren Tabellemëttelfeld.

Ouni de Marvin Martins, dee wéinst enger Blessur net spille konnt, huet d'Austria Wien mat 0:3 géint Sturm Graz, den Tabellenzweeten, verluer. De Veräi vum Lëtzebuerger steet aktuell mat 12 Punkten op der aachter Tabelleplaz.

Vincent Thill koum wärend 90 Minutten net zum Asaz. Stockholm verléiert domat wichteg Punkten am Kampf ëm déi éischt Plazen.

Spartak Moskau huet den Auswäertsmatch zu Novgorod mat 2:1 fir sech entscheet, an dat obwuel d'Ekipp vum Christopher Martins zur Paus a Réckstand louch. No der Paus hu si de Match awer nach gedréint. De Lëtzebuerger stoung bei dësem Match net am Kader.

Samschdeg

An der Bundesliga gouf et fir de Leandro Barreiro mat Mainz keng Punkten um 8. Spilldag. Géint Freiburg huet ee mat 1:2 verluer. De Barreiro huet an der 53. Minutt Giel gesinn a gouf an der 66. Minutt ausgewiesselt.

Bei der 3:2-Victoire vu Köln géint de BVB huet de Mathias Olesen weiderhi wéinst enger Blessur gefeelt.

An der 2. däitscher Bundesliga hu sech Holstein Kiel an Hansa Rostock mat engem 1:1-Remis getrennt. De Sébastien Thill souz de komplette Match op der Bänk.

Keng Chance hat an der 3. Liga an Däitschland Waldhof Mannheim beim VfL Osnabrück. An Ënnerzuel huet ee kloer mat 0:5 de Kierzere gezunn. De Laurent Jans huet déi 90 Minutten duerchgespillt.

Am belsche Championnat huet den Anthony Moris säi Gol propper gehalen. Union Saint-Gilloise huet sech auswäerts mat 3:0 géint Louvain duerchgesat. De Lëtzebuerger krut an der 83. Minutt déi giel Kaart gewisen.

3 Punkte gouf et och fir Norwich City an der englescher Championship. Danel Sinani a Co konnte sech iwwert een 1:0 géint de Blackpool FC freeën. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 76. Minutt agewiesselt.