Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie: De Beruff vum Psycholog soll reglementéiert ginn

D'Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie SLP bedauert, datt d'psychesch Gesondheet zu Lëtzebuerg nach ëmmer géif behandelt ginn, ewéi e Stéifkand.

De Beruff vum Psycholog ass hei am Land net geschützt, wat bedeit, datt jiddereen sech als Psycholog bezeechne kann. Wien also hei am Land e Psycholog bräicht, géif riskéieren och alt emol op eng onqualifizéiert Persoun ze falen.

Wéi de President vun der SLP Marc Stein erkläert, géif een dowéinst reegelméisseg vu Persoune kontaktéiert ginn, déi schlecht Erfarunge gemaach hätten:  "Déi soen: 'Ech hunn eng ganz, ganz schlecht Erfarung gemaach.' An da musse mir de Leit soen: 'Mir kënnen do näischt maachen. Mir kënne just eng Analyse maachen wann et Membere vun eis betrëfft'. A wann et dann näischt Penales ass, da stinn déi Leit mam Fanger am Mond."

D'SLP fuerdert deemno, datt de Beruff vum Psycholog reglementéiert gëtt. Eng Doleance, déi ee scho virun 2 Joer beim Héichschoulministère an zejoert beim Gesondheets- a beim Wirtschaftsministère virgedroen hat. Datt ee mat dëser Doleance huet misse bei e puer Ministère goen, huet de Grond, datt Psychologe jo net just am Beräich vun der Santé, mä och a Schoulen oder beispillsweis an der Wirtschaft schaffen.

Et hätt een awer net d'Gefill gehat, datt Säitens de Ministèren net wierklech op dës Doleancen agaange gi wier, esou de Marc Stein: "Insgesamt si mer ëmmer vun engem Ministère bei den anere weidergedréckt ginn. Et ass och ni eng pro-aktiv Äntwert komm, wou vläicht gesot gi wier, een Deel dovunner kënne mer erfëllen. Een aneren net."

Santé préift Opportunitéit fir de "psychologue clinicien" ze reglementéieren

Op RTL-Nofro hin heescht et aus dem Héichschoulministère, et stéing een enger Reglementatioun vum Beruff neutral géintiwwer. D'Unerkennung géif nämlech ëmmer vun deem Ministère decidéiert, an deem seng Kompetenz den Exercice vum jeeweilegen Beruff fält.

D'Santé schreift iwwerdeems, dass et am September zu enger gemeinsamer Reunioun mat de Psychologen an dem Héichschoulministère komm wier. Do wier festgehale ginn, datt d'Direktioun vun der Santé analyséiere sollt, ob et opportun wär de Beruff vum klinesche Psycholog - deen also exklusiv am Gesondheetsberäich schafft - ze reglementéieren.

SLP iwwerpréift Qualifikatioun vun de Memberen

Lëtzebuerg wier eent vun den eenzegen EU-Länner, an deem de Beruff vum Psycholog net reglementéiert ass, bedauert d'SLP. D'Gesellschaft huet aktuell eng 460 aktiv Memberen, deenen hir Qualifikatioune bei der Opnam iwwerpréift goufen. Si mussen och en Deontologie-Kodex ënnerschreiwen. Ma souguer bei engem Ausschloss aus der SLP kann ee schwaarzt Schof zu Lëtzebuerg weider als Psycholog schaffen.