Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lëtzebuerger Studentevereenegung: D'Energiekris mécht de Studente suergen

E Méindeg war déi traditionell Rentréespressekonferenz vun der ACEL.

De Gros vun de Covid-Restriktiounen hätt een hannert sech a sou wier endlech nees méi en normaalt Studenteliewen an och Evenementer en présentiel méiglech. Eng Erliichterung fir d'Studenten, wéi et e Méindeg de Moien op der traditioneller Rentrées-Pressekonferenz vun der ACEL geheescht huet.

Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studentencercelen huet de Bilan vun de leschte Méint gezunn, an deenen ënner anerem iwwer 500 Vouchere fir Covid-Tester u Studente verdeelt goufen a méi wéi 370 Schüler am Kader vun der Aktioun "Student fir 1 Dag" begleet goufen. A 16 Lycéeë war d'ACEL iwwerdeems am Asaz fir Studieninformatiounen ze ginn. Enn Oktober elo ass d'Associatioun och nees op der Studentefoire um Belval vertrueden.

Ma et ginn och Themen, déi de Studente Suerge maachen. Dozou gehéiert d'Energiekris, fir déi ee beim Héichschoulministère wëll no enger spezifescher finanzieller Hëllef froen, änlech wéi an Däitschland.

Dernieft gëllt et Léisungen ze fannen am Kader vum Stagegesetz hei am Land, dat wéi et schéngt net ëmmer richteg applizéiert gëtt, wéi de Vizepresident vun der ACEL, Cédric Heintz, erkläert.

"Mir hu vu Studente matkritt, dass se am Stage, wou se hätte misse bezuelt gi vum neie Stagegesetz aus, schlussendlech net bezuelt gi sinn. A fir Studenten, déi vun der Uni aus mussen e Stage maachen, dass déi zu Lëtzebuerg kee Stage fonnt hunn. Ob dat lo genau mat der Obligatioun zesummenhänkt, dass se musse bezuelt ginn, dat ass da schlussendlech schwéier erauszefannen, well de Patron dat da vläicht net seet, mee de Refus ass do an dat ass awer e Problem fir d'Studenten."

Déi 37. Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois gëtt dëst Joer vum 29. September bis den 2. Oktober zu Heidelberg an zu Karlsruhe organiséiert. De politeschen Dag am Kader vun dëser REEL dréit sech ronderëm d'Fro, wat dem Student säin Diplom haut nach wäert ass.