Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lëtzebuerger Traditiounsbetrib: Nei Firma vu Rotarex a Südkorea ageweit

Südkorea ass beméit, auslännesch Entreprisen unzezéien. Een Atout, deen dem Land dobäi hëlleft, sinn déi séier Demarchen.

Am Kader vun der aktueller, Lëtzebuerger Wirtschaftsmissioun a Südkorea gouf en Dënschdeg zu Asan déi nei Firma vum Lëtzebuerger Traditiounsbetrib Rotarex ageweit. D'Firma produzéiert Ventiller, déi duerno op Gasfläsche montéiert ginn. Dee Gas gëtt duerno gebraucht, fir Mikrochippen ze codéieren. Zu de Clienten, déi dës Chippe programméieren a verschaffen, zielt ënner anerem de südkoreaneschen Technologie-Betrib Samsung. Wéi de Philippe Schang Responsabele vun der Vente bei Rotarex erkläert, wier de Wonsch, eng méi no Relatioun mat dëse Clienten ze hunn, ee vun de Grënn gewiescht, wéinst deem ee sech a Südkorea installéiert hätt.

De Philippe Schang iwwer d'Nidderloossung a Südkorea

Südkorea ass beméit, auslännesch Entreprisen unzezéien. Nieft Rotarex maachen an der Stad Asan deemnächst eng ganz Rëtsch Produktiounen hier Dieren op, dorënner och Samsung. Wéi de Philippe Schmitz Direkter vu Rotarex erkläert, wiere virun allem déi séier Demarchen en Atout, dee Südkorea hëllefe géif auslännesch Entreprisen unzezéien.

De Philippe Schmitz iwwer déi séier Demarchen

Rotarex wéilt allerdéngs keng Produktioun aus Lëtzebuerg auslageren, ma d'Verdueblung vun der Demande an de leschten 2 Joer hätt dozou gefouert, dass een och d'Produktioun hätt missen eropsetzen.