Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lex Dieschbourg: Ermëttlunge géint Regierungsmembere gi méiglech

En Dënschdegowend huet d'Chamber unanime ee Gesetzesprojet ugeholl, deen et erlaabt, datt géint aktuell a fréier Regierungsmembere enquêtéiert gëtt.

An Zukunft sinn Enquête géint aktuell oder fréier Regierungsmemberen méiglech - dat entspriechend Gesetz gouf en Dënschdeg unanime an der Chamber gestëmmt. E Gesetz, dat als Hannergrond huet, datt d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an der sougenannter "Gaardenhaischen-Affär" ka befrot ginn. An der neier Verfassung wäert dëst gereegelt sinn, mee bis déi a Kraaft trëtt, hätt d'Chamber nun emol missen eng Decisioun huelen, huet de Rapporter, den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo, betount. Dat neit Gesetz erlaabt Geriichtsprozedure géint aktuell a fréier Regierungsmemberen, an deenen et ëm de Fong geet an net d'Form. Domat wiere fair Enquête méiglech an d'Garantie vun der Rechtsstaatlechkeet hunn eng ganz Partie Deputéiert ënnerstrach. Et géing ëm d'Vertrauen, d'Glafwierdegkeet an d'Responsabilitéit vum 1. Pouvoir vum Land goen.