
© AFP (Archiv)
E Freideg den Owend war de Lëtzebuerger bei engem internationale Meeting zu Tréier am Asaz.
De Charel Grethen ass beim Liichtathletik-Meeting zu Tréier iwwer 3.000 Meter e Chrono vu 7 Minutten, 43 Sekonnen an 41 Honnertstel gelaf. Hie verbessert domadder de Lëtzebuerger Rekord vum Ruben Querinjean aus dem Joer 2022 ëm 10,19 Sekonnen an huet sech och d'Victoire geséchert.
E Mëttwoch den Owend war de Charel Grethen schonn een neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 1 Meil gelaf.
E Sonndeg leeft de Charel Grethen da seng leschte Course fir dës Saison. Beim Meeting zu Dikrech geet hien iwwer 2.000 Meter un de Start.