Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Liwwerproblemer: Alternativ Leasing oder Occasioun?

Wien en neien Auto wëllt, brauch virun allem Gedold. D’Liwwerprobleemer wäerten nach op d’mannst bis Enn 2023 unhalen.

Et huet wärend Corona mat de Mikro-Chippen aus China ugefaangen: d’Liwwerprobleemer an der Autosindustrie! Duerno goung et mat de Kabelbeem aus der Ukrain weider. Kee Wonner, dass an dësen Deeg um Autofestival net nëmmen iwwert Remisen, Konditiounen an Offere geschwat gëtt. Mee och a virun allem iwwer Liwwerzäiten.

Vill Leit kucke sech do no Alternativen ëm. Mä och de Marché vun den Occassiounsautoen ass zënter dräi Joer zimmlech ugespaant. D'Präisser hunn ugezunn, ëm 10 bis 20 Prozent déi lescht zwee Joer, schätzt de Gerry Wagner vum House of Automobile. An d'Occasiounspräisser wäerten eréischt erofgoen, wann d'Neiween erëm wéi gewinnt vum Band rullen, an dat kéint daueren. Och wann d’Situatioun an der Mikrochip-Industrie sech liicht entspaant huet, wäert et nach bis Enn 2023 daueren, bis sech d’Liwwerdelaien an der Autosindustrie normaliséieren, ass de Spriecher vum House of Automobile iwwerzeegt.

Och bei den Occasiounshändler sinn déi héich Präisser en Thema. Op der enger Säit zécken d'Clienten déi aktuell Tariffer ze bezuelen, virun allem bei de Premium-Occasiounen - op der anerer Säit mussen d'Händler selwer méi déif an d'Täsch gräifen, fir attraktiv Occasiounen an hire Showroom ze kréien.

Eng weider Alternativ fir méi séier zu engem neien Auto ze kommen, kéint de sougenannte Privatleasing sinn. Ëmmer erëm héiert een an deem Kontext, dass e Leasingskontrakt hëllefe kéint, dass een an der Waardelëscht e bëssen no vir réckelt. Fir Constructeuren an Händler kéint et duerchaus interessant sinn, Clienten ze privilegéieren, déi net nëmmen en Auto bestellen, mä och nach zousätzlech e lukrative Leasingskontrakt ënnerschreiwen.

Am House of Automobile gleeft een net, dass dat en neien Trend ass. Et géif een déi Rumeure kennen, awer et géif keng Beweiser fir dës Praxis ginn, esou de Gerry Wagner.

Egal wéi: och vill Leasing-Offeren si mat de jéngsten Zënshaussen net méi bëlleg ginn. Wien an dësen Zäite beim Autokaf presséiert ass, riskéiert méi déif an d'Täsch gräifen ze mussen.