Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Loftfaart: Air France-KLM bestellt 50 Airbus A350

E Méindeg huet déi franséisch/hollännesch Fluchgesellschaft annoncéiert, datt een eng grouss Bestellung fir nei Maschinnen an Optrag ginn huet.

Mat den neien A350 vum europäesche Fligerproduzent Airbus wëll Air France-KLM hir Flott net nëmme moderniséieren, mä et huet een domadder och Maschinnen kaf, déi manner Kerosin verbrauchen. 15,1 Milliarden Euro léist ee sech dës Erweiderung kaschten. Déi 50 Maschinne ginn an de Joren 2026 bis 2030 ausgeliwwert a kommen an den Asaz.

Am neien Deal mat dran ass och d'Kafsrecht fir 40 weider Maschinnen. Fir d'Fluchgesellschaft ass et kloer, datt dëst e wichtege Schratt an d'Richtung vun der Moderniséierung vun der Flott ass. Hirem CEO Benjamin Smith no ass den Airbus 350 "méi roueg, méi Kerosin a Käschten effizient am Verglach zu méi ale Maschinnen." Dës Fliger erméiglechen et der Grupp, hir ambitiéis gesaten Ziler z'erreechen. Bis 2030 wëll Air France-KLM pro Passagéier a Kilometer 30 Prozent manner CO2-Emissiounen ausstoussen, wéi dat nach aktuell de Fall ass.

Den A350 ersetzt 33 méi al Boeing 77-200 an Airbus A330 bei der Air France a bei KLM.