Dat geet aus engem Rapport vum Statec, dem Logementsministère an dem Observatoire de l'Habitat ervir.
D’Baisse vun den Immobiliëpräisser war op ee Joer gekuckt am zweeten Trimester nach méi staark ewéi virdrun, esou de Statec an den Observatoire de l’Habitat. Aus den neien Zuelen geet ënnert anerem ervir, datt d’Präisser vun Haiser an Appartementer zesummegekuckt ëm 6,4% gefall sinn.
Wann een di verschidde Kategorien vu Wunnenge kuckt, ass d’Evolutioun awer ganz ënnerschiddlech: d’Baisse vun de Präisser ass am Däitlechste bei Haiser, di scho stinn, an zwar Minus 13,6%. Bei Appartementer di scho gebaut sinn ass et eng Baisse vu 4,5%. Fir Appartementer, déi geplangt sinn oder schonn amgaang si gebaut ze ginn - sougenannt VEFA - ass et awer nach eng Hausse vun 2.2%.
De Statec an den Observatoire de l’Habitat stellen awer och fest, datt d’Aktivitéit am Immobiliëmarché weider ofgeholl huet an zwar am Meeschten ebe grad am Beräich vu Wunnengen, di amgaang si gebaut ze ginn. D’Reduktioun vun der Aktivitéit wier vun -63%.

