Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lydie Polfer: Nach keng Decisioun iwwer d'DP-Lëscht fir d'Stater Gemengewale gefall

De Radio 100,7 hat en Donneschdeg de Moie gemellt, datt d'Lydie Polfer nach eng Kéier wéilt Sater Buergermeeschtesch ginn.

Op Nofro hi sot d'Lydie Polfer RTL géintiwwer, datt dat nëmme Spekulatioun a Rumeure wieren an, datt nach näischt decidéiert wier. Den Ament wier een am Gaangen, un der Lëscht fir d'Gemengewalen ze schaffen. Si selwer géif d'nächst Woch, respektiv nach dëse Mount eppes zu hirer Kandidatur soen.

Den 100,7 hat gemellt, datt d’Lydie Polfer virun e puer Wochen decidéiert hätt, datt si nach eng Kéier wéilt Buergermeeschtesch ginn. D'Pläng vun der Parteispëtzt fir déi aktuell Familljeministesch Corinne Cahen als Spëtzekandidatin ze lancéieren, wieren domat a Fro gestallt, sou den 100,7.

De Radio schwätzt och vun engem interne Muechtkampf ëm d'Successioun an der Stater DP. Verschidde laangjäreg DP-Politiker a Politikerinne ronderëm d'Lydie Polfer wëllen an der aktueller Constellatioun weider schaffen. Si hu géint eng Spëtzekandidatur vun der Corinne Cahen mobiliséiert. Anerer sinn der Meenung, datt et bei der Stater DP un der Zäit wier fir eng Erneierung.

D'Stater-DP-Lëscht soll bis de Mäerz d’nächst Joer stoen.