Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lydie Polfer: Nächst Joer dréinen nees privat Sécherheetsfirmen hir Ronnen an der Stad

Dat huet d'DP Haaptstad-Buergermeeschtesch Lydie Polfer op Nofro hi gesot.

Nodeems déi al Kontrakter Enn November ausgelaf waren, ginn elo nei Ausschreiwunge gemaach, fir d’Servicer an der Uewerstad, op der Gare an zu Bouneweg ze assuréieren. Am léifsten hätt een awer natierlech, wann d’Police present wier.

Dat géing déi gréisste Sécherheet ginn. De Moment géingen, wéi bekannt ass, bei der Police Leit feelen. Dat géing een elo sou gutt wéi méiglech probéieren ze kompenséieren, esou d'Lydie Polfer weider.

Et géing ee versichen, d'Sozialservicer, wéi dee vun "A vos côtés", d'Patrulle vun der Police an den Déngscht vun de private Sécherheetsfirme beschtméiglech ze kombinéieren.

D'"Lëtzebuerger Wort" schreift, dass dofir 600.000 Euro am Budget vun der Haaptstad virgesi sinn.