Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mann vu Police festgeholl: Tëschefall bei der Doudelued vun der brittescher Queen

Nach bis dëse Weekend kënne sech d'Mënschen a Groussbritannien hirer Monarchin eng leschte Kéier Äddi soen, ma net jiddereen hält sech un d'Reegelen.

Bei der Doudelued vun der brittescher Queen Elizabeth II. koum et e Freideg den Owend zu engem Tëschefall. Zeienaussoen no wier e Mann bei de Sarg gelaf an hätt probéiert, d'kinneklech Standarden opzehiewen. D'Police hätt bannent e puer Sekonne reagéiert, sot eng Zeie géigeniwwer Sky News. Hir 7 Joer al Niess wier vum Mann um Wee bei d'Lued op d'Säit gestouss ginn.

D'Metropolitan Police sot, de Mann wier wéinst Verstouss géint d'Gesetz fir d'ëffentlech Uerdnung verhaft ginn.

Wéi de Guardian nach bericht, wier de Mann aus der Schlaang erausgesprongen an et wier him gelongen, d'Trapen bis bei de Sarg eropzelafen an dësen ze beréieren.

Déi verstuerwe Queen ass an der Westminster Hall am brittesche Parlament zu London opgeboort, ier si e Méindeg begruewe gëtt. D'Waardeschlaang zu London ass esou laang, datt d'Leit antëscht dovunner ofgerode kréien, sech nach op de Wee ze maachen. D'Waardezäit läit bei bis zu 24 Stonnen.