Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mann wollt sech no Dot d'Liewen huelen: Foussgängerin gouf bei der Gare zu Bierchem mat Messer ugegraff a blesséiert

Wéi d'Police mellt, koum et e Sonndeg um 15.40 Auer um Parking vun der Gare zu Bierchem zu engem Virfall. Eng Foussgängerin gouf do aggresséiert.

D'Fra war um Wee bei d'Gare, wéi si vun engem onbekannte Mann Mordmenace krut an dono mat engem Messer ugegraff gouf. Beim Versuch, sech ze wieren, gouf d'Fra un der Hand verwonnt. Si gouf duerno vum Onbekannten op de Buedem gestouss, ma d'Affer huet weiderhi versicht, sech ze wieren a konnt esou wuel Schlëmmeres verhënneren, wéi d'Police präziséiert.

De Mann huet um Enn opginn, huet awer beim Fortgoen annoncéiert, sech wëllen ëmzebréngen. D'Fra koum wéinst 2 Schnëttwonnen un der Hand an d'Spidol a gouf operéiert.

Méi spéit huet eng Policepatrull de flüchtege Mann mat engem Messer an der Hand an der Rue Oscar Romeo entdeckt. Hie gouf vun de Beamten opgefuerdert, d'Messer néierzeleeën, wat dëse refuséiert huet, ma huet sech selwer um Hals blesséiert. Hie gouf nach op der Plaz vun de Poliziste versuergt, huet wärenddeem awer versicht no engem zweeten, verstoppte Messer ze gräifen. Hie konnt dovun ofgehale ginn.

Béid Messere goufe séchergestallt. De Mann gouf dono vun de Secouriste weider versuergt a koum an d'Spidol. Den informéierte Parquet huet ordonéiert, dass de Mann festgeholl gëtt.