Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Manner TVA, méi bëllegen Akt: Logementskris: CSV fuerdert eng Zort "Elektroschock"

D’CSV huet eng Gesetzpropositioun deposéiert, fir op d’Logementskris ze reagéieren.

Um Bau dréit et net méi an d'Venten am Logement ginn zeréck. De Wunnengsbau brauch eng Zort Elektroschock. Där Meenung ass d'CSV, déi der Regierung reprochéiert, just nozekucken an net ze handelen.

A enger Gesetzpropositioun fuerdert déi gréisst Oppositiounsfraktioun 3 Prozent TVA och fir Mietwunnengen.De "Bëllegen Akt" soll vun 20.000 op 50.000 Euro erop goen. Déi iewescht Grenz, fir Scholdzënse kënnen ofzesetzen, soll beim Eegenheem vun 2.000 op 4.000 Euro erop goen. Den "Amortissement accéléré" misst fir 2023 a 2024 nees op 6 Prozent eropgesat ginn, mengt d'CSV. D’Regierung hat dëse Steieravantage déi lescht Joren zwee Mol reduzéiert, respektiv limitéiert. Schluss mam Nokucken! Zäit fir ze handelen!, esou d'CSV .

Am Handwierk waren zum Deel änlech Moossname gefuerdert ginn. De grénge Logementsminister Henri Kox wëll dëse Mount zu der Situatioun Positioun bezéien.