Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Manternach an Déifferdeng: D'Preparatioune fir d'Schoulrentrée lafen op Héichtouren

Vum 15. September u mussen d'Schüler an d'Schülerinnen aus de Primärschoulen nees d'Schoulbänk drécken.

D'Kanner aus den Uertschafte Bech a Manternach ginn zesummen op ee Schoulsite. 320 Schüler a Schülerinne si fir dat neit Schouljoer ageschriwwen. Déi leschten Deeg a Wochen haten d'Enseignanten an d'Gemengepersonal och schonn eng jett ze dinn. D'Schoulbicher goufe geliwwert an d'Klassesäll amenagéiert.

Vu Manternach dann erof op Déifferdeng. Mir sinn am Zentrum vun der drëttgréisster Stad vum Land. Et ass déi fréier Jongeschoul. D'Klassesäll si prett. Vum 15. September un drécken hei 2.835 Kanner d'Schoulbänk. Am Total sinn et 196 Klassen.

Déi fréier "Haushaltsschoul" gëtt den Ament ëmgebaut, zousätzleche Schoulraum ass dowéinst néideg ginn an dofir gëtt nach kuerz virun de Rentrée gebotzt an amenagéiert. Och d'Meederchersschoul zu Nidderkuer steet dëst Schouljoer net zur Verfügung, well si bis op d'Grondmaueren ofgerappt gëtt.

Déi 2.835 Schoulkanner zu Déifferdeng sinn op 5 Campusse verdeelt.