
© FADEL SENNA AFP
Am Südweste vu Marokko ass et zu engem schwéieren Äerdbiewe komm, bei deem op d'mannst 296 Leit ëm d'Liewe komm sinn.
D'Biewe mat enger Stäerkt 6,8 op der Richterskala soll géint 23.11 Auer e Freideg den Owend an enger Déift vun 19 Kilometer gewiescht sinn. Den Epizenter louch ronn 70 Kilometer vun der Haaptstad Marrakesch ewech.
Op de soziale Medie si Videoe vun zerstéierte Gebaier a Leit, déi fortlafen, ze gesinn.
Wéi et de Leit an de Bierg-Dierfer méi no um Epizentrum geet, ass nach net gewosst. Wéinst der schwéier accessibeler Lag kéint et nach dauere, bis Hëllef do ukënnt. Et rechent ee mat weideren Doudesaffer.
Et wier dat stäerkste Biewen an der Regioun zanter 1960.