Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Medecins du Monde zu Lëtzebuerg: "Jiddereen dee krank ass, soll d'selwecht behandelt ginn"

D'Organisatioun ass eng vu fënnef, déi zu Lëtzebuerg de Pilotprojet vun enger universeller Gesondheetsversuergung hëllefen ëmzesetzen.

De Pilotprojet fir eng universell Gesondheetsversuergung leeft zënter Abrëll. "D'Gesondheetsministesch an de Sozialminister haten en am Oktober zejoert ugekënnegt an deen Ament ass fir eis d'Sonn opgaangen", seet den Dokter Bernard Thill, de President vu Medecins du Monde zu Lëtzebuerg. Et wier een enorm dankbar dofir. Duerch dëse Projet kënne Leit sech e Rendezvous beim Dokter huelen, déi sech dat soss net hätte kënne leeschten.

Medecins du Monde huet an deene leschte Méint 38 Persoune bei der universeller Gesondheetsversuergung, der CUSS, affiliéiert. Dat sinn der net immens vill, wann ee bedenkt, datt sech zejoert knapp 1.500 Leit bei der Organisatioun gemellt hunn, fir Hëllef ze kréien.

Mä d'Prozedur fir sech z'affiliéieren ass zimmlech komplizéiert seet den Dokter Bernard Thill, well vill Paperasse géife gefrot ginn.

"Et muss ofgeséchert sinn, datt déi Leit net iergendee Revenu oder eng Couverture am Ausland hunn. Alles dat muss ganz kloer sinn. Et muss och kloer sinn, datt keng Famill hannendrun ass, déi déi Leit kéint en charge huelen. Dat geet deelweis iwwert dat eraus wat mir als Medecins du monde wëllen areechen. Dat heescht, dass jiddereen iergendwou Accès huet zu der Gesondheet. Dat geet wäit iwwert dat eraus wat eigentlech eis Roll als Dokteren ass."

Nieft Medecins du Monde hëllefen nach d'Stëmm vun der Strooss, d'Rout Kräiz, d'Jugend- an Drogenhëllef an de Centre national de défense sociale de Pilotprojet vun der universeller Gesondheetsversuergung ëmzesetzen.

Si hunn zesummen eng 60 Persounen affiliéiert.

Et si Mënsche mat ganz verschiddene Profiller, déi esou kënne gehollef kréien, seet d'Stéphanie Gardini, déi Assistante sociale bei Medecins du Monde ass.

"Mir hunn e bësse vun allem. Mir hu Famillen, déi hei am Land sinn, wou d'Kanner och hei an d'Schoul ginn, déi hei schaffen. Mir hu Leit, déi op der Strooss sinn, mir hu Leit, déi scho méi laang op der Strooss sinn, déi vläicht hei geschafft hunn an duerch een oder méi Evenementer an hirem Liewen de Buedem ënnert de Féiss verluer hunn an sech elo net méi integréiert kréien. Mir hu Leit, déi hei eng Demande de  Protection internationale gemaach hunn, déi refuséiert gouf an déi awer elo hei sinn."

Fir datt d'Leit kënne bei der universeller Gesondheetsversuergung ageschriwwe ginn, mussen se zënter op d'mannst dräi Méint am Land sinn an se brauchen eng Carte d'identité. Och déi Krittäre sinn net ëmmer einfach z'erfëllen.

Enn dës Joers elo soll de Pilotprojet evaluéiert ginn, deen Ament kënnen dann och nach verschidden Elementer verbessert ginn.