Den OGBL huet iwwer de Summer déi eenzel Wal Programmer vun de Parteien, déi sech de Walen am Oktober stellen, analyséiert.
Den OGBL wëll däitlech maachen, wou d'Ënnerscheeder tëscht deene verschiddene Parteie leien an huet déi Kapitelen aus de Walprogrammer, déi fir déi gewerkschaftlech Aarbecht relevant sinn, am Detail analyséiert.
Fir den onofhängege Gewerkschaftsbond leie Welten tëscht deene verschiddene Positiounen... e wëll zwar keng explizitt Walrecommandatioun maachen, seet awer kloer an däitlech bei wéi engen Themen d'Gewerkschaftsligne an de Programm vun de Parteie sech iwwerschneiden - oder eben net.
E wichtege Punkt ass do d'Reform vum Kollektivvertragsgesetz.
Déi Reform fuerdert den OGBL zënter Joren an am aktuelle Koalitiounsprogramm stoung se dran, mä et gouf näischt draus. No der Analys vun de Walprogrammer ass d'Enttäuschung beim OGBL nach méi grouss.
D'Presidentin Nora Back.
"Eng Gesetzesreform gesi weder d'LSAP nach d'DP vir. Wat awer bedauerlech ass, well dat zwou Regierungsparteie sinn, déi awer wësse wéi eis dat um Häerz läit, wou mer och am Comité permanent du travail et de l'emploi ëmmer erëm drop higewisen hunn, datt et eng Noutwendegkeet gëtt. D'LSAP ass zwar fir méi Kollektivverträg, se huet och Iddien, wéi dat kann ëmgesat ginn, schwätzt awer net dovunner, datt d'Gesetz muss verbessert an ugepasst ginn."
Dat wier zum Beispill awer wichteg, wann ee géif iwwert d'Aarbechtszäite schwätzen. Den OGBL ass kloer fir eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit, eng weider Flexibiliséierung kënnt awer fir d'Gewerkschaft net a Fro an dofir stéiert se sech op deem Punkt um Walprogramm vun der DP.
"Mir sinn éierlech gesot erféiert iwwert d'Formulatioun a wéi extrem dem Ruff vun der UEL nogi gëtt, fir ze soen, mir maachen do eng total Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten a mir ginn hi bis zu enger Referenzperiod vun engem Joer, fir dat einfach emol national an e Gesetz ze schreiwen. Dat ass eigentlech en Affront vis-à-vis vum Salariat an de Gewerkschaften."
Besonnesch grouss Problemer huet den OGBL allgemeng mam Walprogramm vun der ADR, esou d'Nora Back. Vill Positioune wieren net akzeptabel, seet d'Gewerkschaftspresidentin an nennt als Beispill d'Pensiounen.
"D'ADR bréngt et fäerdeg, um Dossier vun de Pensiounen e rassisteschen Discours eran ze bréngen, andeems se total an de Katastrophismus verfält. 'D'Rentemauer kënnt, mir kënnen d'Prestatiounen net méi op deem Niveau halen, wou se haut sinn- ausser fir d'Lëtzebuerger' an da stelle se d'Exportabilitéit fir d'Frontalieren a Leit vun anerer Nationalitéit a Fro."
Den OGBL warnt an hirer Analys dofir och virun der ADR. Rietspopulistescht, nationalistescht an identitäert Gedankegutt géif sech wéi e roude Fuedem duerch hire ganze Programm zéien.
De Programm vu Liberté-Fräiheet huet d'Gewerkschaft an hirer Analys guer net consideréiert. E wier schwéier mat deenen aneren ze vergläichen, well e sech zum groussen Deel wéi Stammdësch-Tiraden oder Twitter-Posts liese géif.
Déi ganz Analys op 32 Säite gëtt an deenen nächsten Deeg un d'Membere vun der Gewerkschaft an an de Betriber verdeelt.