Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Méi informatesch Sécherheet: D'Chamber huet zënter e Mëttwoch en neien Internetsite

Déi al Plattform hat 15 Joer. Den neie Site war noutwenneg, ënner anerem well d'Gewunnechte vun de Leit geännert hunn.

Haut ginn d'Recherchen dacks op Tabletten a Smartphonë gemaach, sou de Chamberpresident Fernand Etgen am RTL-Interview.

Den neie Site soll méi einfach fir d'Utilisateure sinn a méi Informatioune liwweren.

An der Vergaangenheet war d'informatesch Sécherheet vum Chambersite negativ an de Schlagzeilen. Doropper gouf déi Kéier immens opgepasst, seet de Chamberpresident:

Do hu mer eis entouréiere gelooss vu Professionellen. D'Chamber ass vläicht méi a Gefor, wéi aner Institutiounen. Mir hunn et awer fäerdeg bruecht, bei den Defiziter opgrond vun aler Technik Léisungen ze fannen. Ech si fest dovunner iwwerzeegt, datt mer ee modernen technesche Site hunn, wou dat net méi virkënnt, wat an der Vergaangenheet virkomm ass.

Den neie Site vum Lëtzebuerger Parlament kascht ronn 1 Millioun Euro.