Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Méi Policepresenz gefuerdert: LCGB besuergt iwwer Aggressioune géint Buschaufferen

Et ginn ëmmer méi Aggressioune vis-à-vis vu Buschaufferen. Den LCGB, dee majoritär am Transportsecteur ass, fuerdert, datt de Staat eppes ënnerhëlt.

Dëst Joer gouf et op d'mannst eng 15 kierperlech a brutal Attacken op Buschaufferen, ouni déi, déi net gemellt goufen oder an der Press optauchen.

Zanterdeem den ëffentlechen Transport gratis ass an zanter der Covid-19-Pandemie hätt d'Aggressioun zougeholl, soen d'Buschaufferen. Am Januar soll ugefaange ginn Sécherheetskabinne fir d’Chaufferen an de Busser z’installéieren. Mä dat géif net duer goen. En Noutfallknäppchen a Kameraen wären néideg.

Den LCGB fuerdert och méi Policepresenz am ëffentlechen Transport. Eng eege Policeunitéit wär och eng Pist, grad wéi privat Sécherheetspersonal an de Busser. D'Aggressiounen de Passagéier vis-à-vis wären och an d'Luucht gaangen. D'Gewerkschaft huet eng dréngend Entrevue mam Transportminister François Bausch a mam Policeminister Henri Kox gefrot. Et gi schonn net genuch Buschaufferen an d’Aggressioune verschäerfen de Problem nach.