Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Méigleche Wiessel un der FLF-Spëtzt?: Den Dammen- an de Jugendfuttball si wichteg Punkte fir de Paul Philipp

A gutt zwou Wochen ass de Kongress vun der Futtballfederatioun. No 18 Joer am Amt wëll de Paul Philipp och weiderhi President bleiwen.

De Paul Philipp huet mam Claude Kremer, dee mir Iech en Donneschdeg virgestallt hunn, no 12 Joer eng Géigekandidatur fir de Poste vum President vun der Futtballfederatioun. Zanter 2004 ass de fréiere Futtballprofi FLF-President an hie géif, falls hien de 15. Oktober um Kongress erëmgewielt géif ginn, fir weider véier Joer un der Spëtzt vun der Federatioun bleiwen. Mä wat si seng Pläng, fir de Lëtzebuerger Futtball weider no vir ze bréngen? Nodeems mir en Donneschdeg d'Haaptpunkte vum Claude Kremer virgestallt hunn, ass et e Freideg um Paul Philipp, seng Iddien ze presentéieren.

Portrait vum FLF-President Paul Philipp / Rep. Rich Simon

An do setzt den aktuelle President den Accent op den Dammefuttball. D'Ekipp vum Dan Santos huet rezent gutt Leeschtunge bruecht an dowéinst soll den Dammefuttball weider developpéiert ginn:

Paul Philipp:"Wat wichteg ass, ass Wuerzelen do dranzesetzen. Dat heescht an der Jugend ze schaffen, datt nach méi Meedercher d'Méiglechkeet hunn, Futtball ze spillen, datt si do, wou se wunnen oder an d'Schoul ginn, Veräiner fannen, déi am Championnat ageschriwwe sinn. Do leeft scho villes, mä et muss nach weider goen an et soll een e Schratt nom anere maachen. Et muss awer haaptsächlech op deem wat elo scho geschitt ass, fir ze weisen, datt et Meederchersfuttball gëtt, datt och do ka Leeschtung gebuede ginn an an déi Richtung musse mir weidergoen."

E weidere wichtege Punkt a sengem Programm ass de Jugendfuttball, dee weider verbessert soll ginn:

Paul Philipp:"Wa mir elo beim nationale Jugendfuttball bleiwen, si mir jo schonn amgaangen, datt mir an deenen ënneschte Kategorië manner Spiller hunn um Terrain fir e Match, natierlech mat permanente Wiessel, datt Kanner einfach méi Ballkontakter hunn, fir ze evitéieren, datt do zwee oder dräi Kanner Heem ginn, déi e Match gespillt hunn an da vläicht esou guer nach gewonnen hunn, awer nëmmen zwee Mol de Ball getraff hunn. Dat soll weidergoen an de Kategorien an dat muss och weidergoen."

Falls de Paul Philipp als President erëmgewielt gëtt, steet och eng gréisser Diskussioun mat de Veräiner a senger Agenda, wéi et mam Championnat weidergoe soll:

Paul Philipp:"Et wier domm fir ze soen, mir wëllen uewe vu 16 op 15 goen zum Beispill... Wat uewe geschitt huet Repercussiounen op déi Divisiounen. Dofir ass de ganze Futtball concernéiert, do sollen d'Meenunge vu jidderenegem ageholl ginn, bis dann eppes ausgeschafft gëtt, wat mir dann de Veräiner zu engem gewëssenen Zäitpunkt zu engem Vott virleeën."

Net nëmmen de Futtball ass fir de Paul Philipp eng Ekippesportaart, mä och d'Federatioun:

Paul Philipp:"Et ass net mäi Programm, mä de Programm vun enger Ekipp, well wann een d'Federatioun 18 Joer geleet huet, da weess een, datt een dat net konnt maachen, wann een net eng Ekipp am Réck huet. Ouni Ekipp mat der Envergure déi d'Federatioun, Gott séi Dank, déi lescht Jore kritt huet, leeft hei an der Futtballfederatioun guer näischt."

De 15. Oktober fält d'Decisioun op de Paul Philipp weider FLF-President bleift oder op hie säi Posten un de Claude Kremer muss ofginn.